Doleeden
Ausgesinn
| Daleiden lb: Doleeden | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Däitschland |
| Bundesland | Rheinland-Pfalz |
| Krees |
|
| Verbandsgemeng |
|
| Gemeng | Verbandsgemeng Arzfeld |
| Awunner | 935 (31. Dezember 2023) |
| Fläch | 1.559 ha |
| Héicht | 452 m |
| Koordinaten |
50° 04’ 11.51’’ N 06° 11’ 00.12’’ O |
| Telefonszon | 06550 |
| Postcode | 54689 |
| Websäit | https://www.daleiden.de/ |
|
| |
|
| |

Daleiden (lb: Doleeden) ass eng Uertsgemeng am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz (Däitschland).
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Am Duerf ass en Orchidarium.
- Wéinst der Landschaft a ville Wanderweeër ass Doleeden ënner Touristen absënns bei der eelerer Generatioun ganz beléift.
- Op 3 km läit den Irsendall, den Dall vun de Päiperleken.
- Am Summer tëscht Juli an August gëtt all Freiden de "Musikalesche Summer zu Doleeden" ofgehalen, bei deem verschidde Museksveräiner spillen.
- Den Éierekierfecht Doleeden läit um Rand vum Duerf.
Bekannt Persounen
[änneren | Quelltext änneren]- Michael Bormann, Paschtouer vun Daleiden an Heemechtsfuerscher.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- D'Uertsgemeng ass Member vun Islek ohne Grenzen EWIV
Biller aus der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]-
Erënnerungsplack un de Klëppelkrich
-
D'Kräiz vum Michael Bormann sengem Graf
-
D'Monument fir de Mich. Bormann op der Maartplaz
-
Schleekeskulptur op der Maartplaz
