Dominion Radio Astrophysical Observatory

Vu Wikipedia
Den DRAO 26m John A. Galt Radio Teleskop a Kanada

Den Dominion Radio Astrophysical Observatory (DRAO) ass eng Fuerschungsariichtung, déi am Joer 1960 gegrënnt gouf a südwestlech vu Penticton a British Columbia a Kanada, steet. Um Areal steet en Teleskop fir Interferometer-Radioastronomie an e 26 Meter-Radioteleskop souwéi eng Anlag fir d'Moosse vu solare Radiowellen. Den DRAO gëtt vum Herzberg Institute of Astrophysics, engem Secteur vum National Research Council of Canada bedriwwen.

Interferometer Radioastronomie[änneren | Quelltext änneren]

Den DRAO ass mat siwe jee 9 Meter grousse Radioteleskope fir d'Interferometer-Radioastronomie ageriicht, déi iwwer eng Streck vu 600 Meter verdeelt sinn. D'Antenne si mat Einfach- an Duebelempfänger ageriicht a schaffen op enger Frequenz vu 408 a 1420 MHz.

26-Meter-Teleskop[änneren | Quelltext änneren]

Mam 26-Meter-Teleskop kënnen Observatiounen op de Frequenzen 408 MHz an op 1,5, 2,7, 4,9, 6,6 an 8,4 GHz gemaach ginn. Et kann een och weider op de Frequenzen vun 1,4, 1,6 a 6,6 GHz schaffen.

Solar Radiomoossung[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Moosse vun der solarer Radiostralung benotzt een en Teleskop, dat bei enger Wellelängt vun 10,7 cm schafft.

Ingenieurwëssenschaftlech Laboratoiren[änneren | Quelltext änneren]

An deene Laboratoirë ginn nei Empfangstechniken erfuerscht, erprouft a gebaut. Dozou zielen Empfänger an aner Komponenten, déi fir d'Radioastronomie vu Bedeitung sinn. Speziell Projeten déi an deene Fuerschungsariichtunge gemaach goufen, sinn haut e puer Deeler vum Ekipement vum Very Large Array an New Mexico, souwéi vum James Clerk Maxwell Telescope op Hawaii.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

7