Op den Inhalt sprangen

Dräifaltegkeetskierch zu Bënzelt

Vu Wikipedia
Kierch vu Bënzelt
Filialkierch vu Bënzelt (2011)

Filialkierch vu Bënzelt (2011)
Filialkierch vu Bënzelt (2011)
Uertschaft / PlazBënzelt
Par Ëlwen–Wäiswampich
Saint-François
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Dräifaltegkeet
Baujoer 1893
Koordinaten 50° 07’ 05.3’’ N
      06° 02’ 11.5’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Dräifaltegkeetskierch vu Bënzelt ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.

D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Duarrefstrooss, dem CR337. S'ass der helleger Dräifaltegkeet geweit. Nieft der Kierch ass der Kierfecht ugeluecht.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Holler, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Holler huet ausser der Filialkierch vu Bënzelt och nach d'Parkierch vun Holler an d'Kapell vu Breedelt gehéiert.

Iwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1893 duerstellt:

ERECTO TIBI REX
SOLIO DVLCISSIME IESV
PERPETVO POPVLO PROPITIARE TVO

Am Kierchtuerm vu Bënzelt hänke 4 Klacken déi an den Téin fa = f", mib = es", do = c" a la dièse = b' lauden.

An der Kierch steet eng Uergel, déi aus dem Klouschter op der Pafemille staamt an 1910 vun der Manufaktur E. F. Walcker & Cie gebaut gouf.[1]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch vun Bënzelt.

 Commons: Dräifaltegkeetskierch zu Bënzelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Binsfeld, Bënzelt. www.orgues.lu. Gekuckt de 07.11.2025.