Druid

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Druidentum)

En Druid war e Member vun der kultescher a geeschteger Elit vun der keltescher Gesellschaft.

All Clan oder gréissere Stamm hat een oder e puer Druiden, déi ganz ënnerschiddlech Aufgaben erfëllt hunn. Sou ware si net nëmmen déi wichtegst Persounen an der keltescher Relioun, mä si waren och an d'Leedung vun der Politik tëscht de Stämm a Clans agebonnen, z. B. als Prophéit, Riichter, Heeler, Beroder, Schoulmeeschter, etc.

D'Fra gouf bei de Kelten héich geuecht, soudatt et erwisenermoossen och weiblech Druide gouf.

Originnen[änneren | Quelltext änneren]

Vun hirem Aufgabebräich hier kéint een d'Druide mat deene fréie kaukasesche Schamanen vergläichen. Et gëtt mythologesch, archeologesch an historesch Indicen, datt den Druidentum duerch Wanderungen an Assimiléirung vun de Skythen hirem Glawen an deenen hire Schamane staark beaflosst gouf.

Beim Goeffrey Ashe ass nozeliesen, datt e gewësse Perkins no enger Rees an de Kaukasus erzielt huet, datt hien do mat hellege Männer (Schamanen) geschwat hätt. Si hätten him erkläert, datt den Druidentum eigentlech eng verfeinert Variant vum kaukasesche Schamanismus wier. Op de Wanderunge vun de Skythen, de Sarmaten, den Dorier an de Kimmerer ëm 2000 v. Chr. wier "d'Shambala" (déi helleg Weisheet) no Westen exportéiert ginn, an hätt am Druidentum vun de Kelten eng europäesch Fassung erlieft. Dës Theorie gëtt duerch archeologesch Entdeckungen a reliounsphilosphesch Vergläicher ënnerstëtzt.

Archeologesch Spuere vum europäeschen Druidentum selwer si bal oder guer net nozeweisen, just vereenzelt konnt emol keltescht Kultinventar fonnt ginn. Vun e puer wéinege Fragmenter oder Stengtafelen ofgesinn hunn d'Druiden och näischt Schrëftleches hannerlooss, well et wuel e Schrëftverbuet fir Glawensinhalter gouf. Alles gouf mëndlech vun engem Druid u säi Schüler weiderginn. Sou hunn dann och just verschidde mythesch Erzielungen déi am Vollek bekannt waren iwwerdauert, a goufen a réimescher oder a mëttelalterlecher Zäit néiergeschriwwen.

Déi eelst nach erhale Beschreiwung vum Druidentum kënnt vum Cäsar, deen ëm d'Joer 52/51 v. Chr. a sengem De Bello Gallico op d'Sitten a Gebraicher vun de Gallier agaangen ass. Allerdéngs bleift ze bedenken, datt den Cäsar an deene Schrëfte virun allem säi Gallesche Krich rechtfertege wollt, soudatt seng Rapporten deelweis ganz eesäiteg sinn, z. B. wat déi trotz allem net ganz auszeschléissend Mënschenaffer ugeet déi d'Druiden organiséiert sollen hunn. Da kënnt nach dobäi, datt hien op Eenzelheeten ageet, déi hien als Feldhär guer net gesi konnt hunn, soudatt dovun auszegoen ass, datt hie vill vum 23. Band vum Geschichtswierk vum Poseidonius vun Apameia geknäipt huet, dat selwer awer net méi ganz erhalen ass.

De Plinius den Eelsten iwwerliwwert ëm 70 n. Chr. d'Traditioun vum wäiss gekleeten Druid, dee mat der gëllener Séissel Mëspeläscht vun der Eech schneit.

Funktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den Druid gouf vum Cäsar als Priister identifizéiert (sacerdotes), mä dee Begrëff kënnt der Aufgab an der Muecht vum Druid net no genuch. Déi keltesch Druide waren net nëmme Priisteren (Kleriker, Paschtéier oder Kapléin), well si e méi groussen Aflossberäich an Impakt op hir Leit hate wéi hir chrëchtlesch Pendanën op d'Chrëschten. Den Druid huet wuel de sakralen Deel vum Liewe gereegelt an iwwerwaacht, mä domat war et net genuch. Hien eleng konnt entscheeden, vermëttelen a Recht spriechen. Souguer de Kinnek vun engem Stamm huet op enger Reunioun oder enger Proklamatioun net däerfe schwätzen, ier den Druid dat éischt Wuert hat. Bei Problemer an der Gesellschaft (Stamm, Clan) ass den Druid als Schlichter opgetrueden oder en huet ënnersicht an eventuell en Urteel gesprach. An oder virun enger Schluecht hat den Druid dat lescht Wuert a war den taktesche Krichsberoder vum Kinnek. Beim Cäsar heescht et souguer, datt een Druid amstand war, tëscht zwou Arméien ze trieden an d'Schluecht op der Minutt ze stoppen. Den Druid huet an d'Zukunft gekuckt, aus de Stäre gelies an den agrartechnesche Kalenner opgestallt. Den Druid war net seelen och en erfuerene Kämpfer an e Waffespezialist. Änlech geeschtlech Disziplinne gouf et och a vereenzelte chrëschtlechen Uerden, z. B. zu Cluny.

Rencontren[änneren | Quelltext änneren]

Ënner sech hunn déi deemoleg Druide sech op reegelméissege Meetingen an deem bis haut nach net prezis lokaliséierte "Carnutebësch" ausgetosch, wou se och Gesetzer a Reegelen, medezinesch an dogmatesch Directiven a politesch Moossname festgeluecht hunn. Op sou Treffe sollen och nei Druiden ernannt gi sinn. Wou dee Bësch geleeën huet an ob et hien iwwerhaapt als Bësch ginn ass, an net nëmmen als allgemenge Synonym fir en Druidemeeting ze verstoen ass, ass bis haut net gewosst. Déi eng behaapten, e wier irgendwou an der Bretagne. Anerer mengen, e wier op der Insel Mona op der Küst vun Nord-Wales. Do huet erwisenermoossen eng Druideschoul an en Austauschzenter funktionéiert, déi entweeder vu réimeschen oder piktesch-schottesche Marodeuren an den éischte Joerhonnerte vun eiser Zäitrechnung zerstéiert goufen.

Bekannt Druiden[änneren | Quelltext änneren]

An der keltescher Mythologie kurséiere vill Nimm vun Druiden. Vun deenen alleguer sinn der awer nëmmen e puer historesch beluecht. Deen, deen haut nach am beschte bekannt ass, war de Merlin, oder op Walisesch "Myrddin". Zwar ass hien am beschte bekannt, mä a Wierklechkeet gouf et hie guer net. De Merlin ass erwisenermoossen eng literaresch Kreatioun, also eng erfonnte Figur, déi op e gewësse Geoffrey vu Monmouth zeréckzeféiren ass.

Historesch beluecht sinn dogéint awer den ireschen Druid Cathbad (aus dem Kinnekräich Ulster a Papp vum Kinnek Conchobar McNessa), méi oder wéineger och de spueneschen Druid Amergin McMiled (deen d'Invasioun vun den éischte keltesch geprägte Mënschen an Irland, e puer honnert Joer virun eiser Zäitrechnung ugefouert huet) den Druid Aneirin (541- ?), den Talhearn, Bluchbearth, Cia sou wéi de Bard Taliesin, déi zur selwechter Zäit (tëscht +- 500 a 600 n. Chr.) tëscht Nord-Wales an dem Firth of Forth bei hire Kinneken am Déngscht stoungen. Vum Aneirin an dem Taliesin gëtt et nach erhale schrëftlech Opzeechnungen. Zu där Zäit - do war Europa scho christianiséiert - haten d'Druiden hire Status als héchst keltesch Instanz schonn agebéisst an déi meescht ware konvertéiert a goufe vum neie Regime als "filidh" offiziell mat kulturellen, erzéiereschen a literareschen Aufgaben, mä inoffiziell och nach mat typesch druidesche Missioune betreit (dat war ee vun deene besonneschen Aspekter, deen d'réimesch-keltesch Kierch ausgemaach huet). A Gallien sinn e puer Druiden historesch beluecht, ënner anerem deen, deen de Vercingetorix bei senger finaler Schluecht géint d'Réimer beroden - e puer Historiker menge verroden - huet.

Nei Druidenuerden[änneren | Quelltext änneren]

Déi chrëschtlech Relioun huet dat ursprénglecht Druidentum ëm dat 8. Joerhonnert fir ëmmer verdrängt. Zanter dem 18. Joerhonnert koum et awer nees am Kader vun der Kelteromantik zu engem opflame vun enger neier Zort Druidentum.

Den 22. September 1717 ass zu London op Primerose Hill den éischten Druidenuerde mam Numm "Druid Order" vum ireschstämmege Philosoph a Fräidenker John Toland (1669/70-1722) zesumme mat dem Reverend William Stuckeley (1687-1765) an d'Liewe geruff ginn. Am Ufank war deen Uerde reng esoteresch orientéiert an ass dobaussen duerch e staarke Protestcharakter opgefall. Méi spéit ass en awer lues a lues duerch anglikaneschen Afloss ëmgeformt ginn.

Offiziell Schrëftstécker gëtt et keng, oder se si verluer gaangen, vläicht awer och zerstéiert oder verstoppt ginn. Jiddefalls si se aus dem engen oder anere Grond net ze konsultéieren.

Aus de Statute vum däneschen Druidenuerden "Order Terra" geet awer ervir, datt deen Uerden nom Ideal vum Toland an unhand vun den Archiver vum Stuckeley opgebaut gouf. Déi Archiven, déi genannt ginn, stamen aus griicheschen, arabeschen, asiateschen an indesche Quellen an aus Extraiten aus der Fuggerbibliothéik. Op den éischte Bléck kéint een nawell mengen, datt deen Archiv net vill mat der Druiderelioun ze dinn hätt.

Den däitschen Druidenuerden (Deutscher Druiden Orden - DDO) berifft sech op en anere Stammuerden, deen och zu London, an zwar den 29. Oktober 1781 am Café "Kings Arms" an der Poland street deklaréiert gouf. De Grënner war den Henry Hurle, iwwer deen awer kaum Informatiounen ze fanne sinn. Hien huet säin Uerden "Ancient Order of Druids" gedeeft.

Deen Uerde war ganz staark fräimauresch ausgeriicht an hat a senge Statuten och mutuell Hëllef an eng Aart vu Sozialvirsuerg fir seng Memberen ageschriwwen. An dësem an och am "Druid Order" war den engleschen Dichter William Blake als Member ageschriwwen.

Am 18. Jh. war Héichkultur fir Druidenuerden. 1792 um 29. Oktober – pünktlech op d'Summersonnewend – huet de Waliser Edward Williams, alias Jolo Morganwg (1747-1822), seng "Gorsedd" (Versammlung vun Druiden a Barden) gegrënnt.

Deen 3. Uerden huet sech mat der Zäit zu enger offizieller Druideformatioun entwéckelt. Déi franséisch "Fraternité des Druides, Bardes et Ovates de Bretagne" (kee richtegen Uerden, mä éischter eng Intressegemeinschaft) huet sech der Gorsedd ugeschloss. Et huet sech awer erausgestallt, datt de Bretonen hir Intressien éischter bretonesch-nationalistesch orientéiert waren, an net druidesch oder rituell-reliéis.

Et war och aussergewéinlech, datt an der Gorsedd – déi jo eng druidesch Formatioun duergestallt huet - jiddweree sech zu senger eegener Relioun bekenne konnt.

No enger gewësser Ulafzäit huet sech deen Uerden dann an e Fuerschungsveräin um Gebitt vum keltesche Wëssen ëminterpretéiert.

Neizäitlech Druiden zu Stonegenge

No dem wichtege Joerhonnert war et erëm eng Zäit roueg, bis sech an der Mëtt vum 19. Jh. erëm hei an do eppes beweegt huet. Déi éischt Druidenuerde sinn an Amerika gegrënnt ginn an e puer dovu si scho kuerz no der Grënnung erëm agaangen. Déi meescht dovu waren Ofleeër vu fräimaureschen Uerden an haten éischter eng nostalgesch-romantesch Ausriichtung. Déi nei druidesch Entwécklung hat demarréiert a war net méi opzehalen.

Wärend dem Zweete Weltkrich goufen all Uerden, déi net dem haarde Kär vun Thule verbonne waren, verbueden. Nom Krich ass et nëmme lues erëm biergop gaangen.

Ëm 1970 huet dunn eng nei Stréimung Buedem gefaasst, déi sech synchron mat der New Age Beweegung, dem esotereschen Trend an deem deemools neie "gréngen Denke" weiderentwéckelt huet.

An England an Däitschland si bal zur selwechter Zäit, an der Mëtt vun den 1990er Joren, kleng Druidenhaiser mat e puer Memberen an engem selwer ernannten Druid entstanen. Déi hu sech als nei Heede proklaméiert, déi nom ale keltesche Brauch géife liewen. Gläichzäiteg ass de Grondsteen vun der Wikkabeweegung geluecht ginn a vill Fraen hu sech op eemol ëffentlech als Hex z'erkenne ginn. Och déi germanesch an nordesch Variante vum neien Heedentum entstoungen zu där Zäit. De Begrëff "Schaman" ass erëm opgedaucht an eng Hellewull vu Bicher iwwer dës speziell Theemen huet dunn och de Bichermaart reegelrecht iwwerschwemmt. Mam Internet koumen déi éischt Foren, op deene sech déi nei Druiden (Neo-Druiden) an déi nei Heeden ausgetosch an diskutéiert, awer och no alle Reegele vun der Konscht verbal d'Käpp ageschloen hunn.

E puer vun den Hainen hu sech e relativen Numm gemaach an d'Memberzuel ass an d'Luucht gaangen. Ënner der Féierung vun hirem Druid goufe Coursen ugebuede fir e richtegen Heed ze ginn a géint Bezuelen och eng Ausbildung zum Druid oder God (e God - op Däitsch "Gode" – ass souzesoen de germanesche Pendant zum Druid). E puer vun den Druidenhainen hunn awer och en opfälleg däitleche Sektecharakter entwéckelt, soudatt d'Uerdnungskräften op de Plang geruff goufen a verschidden Druidenhainer méi genee ënner d'Lupp geholl hunn.

A leschter Zäit schléisse sech ëmmer méi Druidenhainer engem oder e puer vun den internationalen Druidenuerden un, soudatt sech lues a lues en internationaalt Netz entwéckele kéint.

Obwuel sech déi nei Heeden an Druide vun den Aktivitéiten an der Gesënnung vun den Neo-Nazien an aner faschistoide Fanatiker streng distanzéieren, kënne si net ofstreiden, datt hir Grondastellung als Heed forcément buedemstänneg ass. Wann een da méi genee hikuckt, kéint een nawell mengen, Verschiddener vun hinne géifen heemlech awer nach der vergaangener Blutt-a-Buedem-Mystik notraueren. Do dauche geleeëntlech nach sou mëssverstane Begrëffer wéi "rengrassesch" oder "aresch" op, ouni datt si domat awer bestëmmte Riminiszenzen duerchblécke loossen.

Si bieden erëm déi al Gëtter un a feieren déi al Fester. Si gi sech betount kannerfrëndlech a vertrieden d'Iddi vun der Groussfamill oder dem Clan an dem Stamm. Si liewen an hirem Glawen erëm op hirem "eegene Buedem". E puer versichen, souwäit wéi et méiglech ass, no deenen alen Traditiounen ze liewen an déi nei Erungeschaften dodran anzebannen. Vereenzelter kleede sech ganz bewosst no der Moud, wéi se iwwer d'Kelten an d'Germanen iwwerliwwert gouf. Et kënnt och ëmmer méi op, datt sech jonk Koppelen no kelteschem oder germaneschem Ritual bestueden. Déi meescht vun hinne weisen alles zeréck, wat net heednesch ass a sti mat der Kierch a kengem ganz gudde Verhältnes.

Wann een déi nei Druide freet, wou se dann d'Grondlag fir hire Glawen hier hunn, beruffe se sech normalerweis op den ale Wee a seng okkult a mythesch Indikatiounen. Jiddweree vun hinnen ass iwwerzeegt, datt hien den eenzegen a leschten Ierwe vun der mëndlech tradéierter Druidentraditioun ass. Et fënnt een awer séier eraus, datt se mat der tradéierter Druidentraditioun net alleguer ëmmer dat selwecht mengen.

Well mer jo wëssen, datt déi al keltesch Druiden eis praktesch näischt Schrëftleches hannerlooss hunn, däerf ee sech froen, wou déi nei Druiden dann hir "al Weisungen" hierkréien. Och wa si sech dorop beruffen, dat lescht Glidd an enger Kette vu mëndlech iwwerliwwerter Traditioun ze sinn, sou kënne si per definitionem dat, wat si behaapten, net beweisen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Berresford Ellis, The Druids, Constable, London, 1994
  • Jean Markale, Druiden, Augsburg 1995
  • Miranda Jane Aldhouse-Green, Exploring the World of the Druids, Thames and Hudson, 1997.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Druidentum – Biller, Videoen oder Audiodateien