Eeërtriwwel

Vu Wikipedia
Brout mat Eeërtriwwel

Eeërtriwwel, ass en einfache Plat aus Eeër, déi an enger Pan lues gebak ginn.

Fir d'Zoubereedung gi réi Eeër opgeklappt, gesalzt a bei klenger Hëtzt a Botter oder Planzenueleg gestackt. Dacks ginn d'Eeër nach mat Mëllech, Rahm, a Waasser gemëscht, fir d'Eeërtriwwel méi schmanteg ze maachen. Alternativ kënnen d'Eeër direkt an enger Pan mat zerloossenem Botter geklappt ginn a wärend dem Bake mat den aneren Ingredienten zesummegemëscht ginn. Jee no Virléift gëtt duerch Réieren, Dréinen oder Schappe mat enger Paneschëpp d'Eeërmass gläichméisseg gebak. Fäerdeg ass d'Eeërtriwwel, wa se gestackt, awer nach fiicht a glënnereg ass.

Soss kënnen nach Speck, Ham, Krevetten, Kéis, Champignonen, Ënnen, oder Bratzelen, och Tomaten an anert Geméis drakommen.

Jee no Rezept kann och Miel mat opgeklappt ginn.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tun Nosbusch: Eeërtriwwel S.74 aus dem Buch Aus der Luxemburger Küche: Kachen a Brachen, Éditions Guy Binsfeld, ISBN 3-88957-024-0, 1. Oplag 1983

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eeërtriwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Eeërtriwwel Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mein Kochbuch, Säit 47; Landwirtschaftliche Haushaltungsschule Ettelbrück, 1969; Sankt-Paulus Druckerei