Op den Inhalt sprangen

Émile Ludwig

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Emile Ludwig)
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Émile Ludwig
Gebuer 1887
Gestuerwen 29. August 1972
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Stroosseschëld zu Diddleng

Den Émile Ludwig, gebuer 1887, a gestuerwen den 29. August 1972 zu Diddeleng[1], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker (LSAP[2]).

Den Emile Ludwig war Schmelzaarbechter. Hie gouf am Januar 1921 eng éischt Kéier an den Diddelenger Gemengerot gewielt. Vun 1929 bis 1935 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Diddeleng. Nom Krich war hie bis 1964 Schäffen.[3],[4]

Hie war 1954-1955 President vun der LSAP an eng Zäitche President vum LSAP-Südbezierk[2] a President vum Syndicat des eaux du Sud.[5]

Fir un hien z'erënneren, gouf an den 1970er Joren zu Diddeleng um Flouer An Hauwepäerchen eng Strooss no him genannt.[6],[7]


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Avis de décès 7 Page 9." In: Luxemburger Wort, 125. Jg., n° 200 (31.08.1972), p. 9 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. 2,0 2,1 Letzeburger Sozialistesch Arbechterpartei. Süd-Bezirk. In: Escher Tageblatt, 1947. Jg., nº 33 (11.02.1947), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. "Die einen kommen, die andern gehn..." In: Revue, 20. Jg., nº 10 (07.03.1964), p. 22 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  4. "Bourgmestres." dudelange.lu, nogekuckt: 11.10.2024.
  5. "50 Jahre 'Syndicat des Eaux du Sud'." In: Revue, 14. Jg., nº 31 (02.08.1958), p. 32 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  6. L-3513.
  7. "Neue Straßen in Düdelingen." In: Luxemburger Wort, 133. Jg., n° 128 (04.06.1980), p. 10 [Digitised by the National Library of Luxembourg].