Emma Goldman
Emma Goldman | |
---|---|
Gebuer | 27. Juni 1869 |
Gestuerwen |
14. Mee 1940 Toronto |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, USA, Vereenegt Kinnekräich, Litauen, Frankräich |
Aktivitéit | Journalist, politesche Philosoph, Fraerechtler, Editeur, Friddensaktivist, Autobiograph, Infirmier, Schrëftsteller, Philosoph, Politiker, Auteur, Pazifist |
D'Emma Goldman, gebuer de 27. Juni 1869 zu Kowno (deemools Russland, haut Kaunas a Litauen) a gestuerwen de 14. Mee 1940 zu Toronto, war eng litauesch-US-amerikanesch Anarchistin, Feministin a Schrëftstellerin.
D'Emma Goldmann ass als Teenager mat hirer Famill op Sankt Péitersbuerg geplënnert. Do ass se mat revolutionären Iddien a Kontakt komm. Wéi se 17 Joer al war, ass se an d'USA emigréiert. Do huet se den Alexander Berkman kennegeléiert, e bekannten Anarchist. Méi spéit ass se wéinst hirer anarchistescher Astellung a Russland ausgewise ginn an huet duerno och a Südfrankräich an a Groussbritannie gelieft.
Si huet souwuel d'Russesch Revolutioun, wéi och de Spuenesche Biergerkrich matgemaach. Hiert bekanntst Wierk ass Anarchism, and Other Essays. (1886)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Emma Goldman – Biller, Videoen oder Audiodateien |