Kino Empire

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Empire (Kino))
Kino Empire
D'Gebai an der Groussgaass, an deem de fréiere Kino Empire war.
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Esch-Uelzecht, Groussgaass
Koordinaten 05° 58’ ’’ E 49° 29’ ’’ N
Datum vum Bau 1957-58
Proprietär privat

De Kino Empire war tëscht 1958 an 1978 e Kino zu Esch-Uelzecht an der Groussgaass, deen, mat zäitweis 940 Sëtzplazen, zu senger Zäit dee bei wäitem gréisste Kino am Land war.

Techneschen Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

Den Ecran war 14,5 × 7,5 Meter grouss. Vun Ufank u war de Sall ageriicht fir déi deemools modernst Projektiouns- an Tounformater, de CinemaScope 35 mm a virun allem de 70mm. Déi 2 Filmprojektere vun der Mark Cinemecchanica konnte sou niewent dem gebräichleche Mono-Liichttoun och 4 Kanal Stereotoun op véier magnéiteschen Tounpisten erëmginn an dat souwuel am 35 mm wéi am 70 mm.

Gala-Virstellung[änneren | Quelltext änneren]

Am Empire ass fir d'éischt de 16. Januar 1958 um hallwer néng e Film gewise ginn. Et war dëst an enger "Gala-Virstellung" ënner dem Protektorat vun der Gemeng vun der Stad Esch, an de Profit dovu war fir d'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte a fir dat Lëtzebuergescht Rout Kräiz.

Bei där Geleeënheet konnten d'Premièresgäscht dem Stanley Kramer säin The Pride and the Passion mam Cary Grant, Frank Sinatra an der Sophia Loren kucken.[1]

Den Empire huet, wéi de Kino Rex zu Esch, zu de Säll vum François Reckinger gehéiert, deen och Kinoen an der Stad Lëtzebuerg hat, den Eldorado, de Capitole an den Europe.

Den 3. Juli 1978 huet den Empire fir ëmmer seng Dieren zougemaach.

Am fréiere Kinossall goufe Garagen amenagéiert, de Foyer gouf an Appartementswunnengen ëmgebaut.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eröffnung des Ciné-Théatre "Empire" in Esch-Alzette. Revue N°4 vum 25. Januar 1958 S.28-29