Op den Inhalt sprangen

Groussgaass (Esch-Uelzecht)

Vu Wikipedia
Groussgaass
Numm lb: Groussgaass
fr: Grand-Rue
Längt ca. m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Uertschaft Esch Uelzecht
Quartier Al Esch
Postcode 4132
Koordinaten 49° 29’ 49.2’’ N
      05° 58’ 59.92’’ O

D'Groussgaass (fr.: Grand-Rue) ass eng Strooss am Quartier Al Esch zu Esch-Uelzecht.

Wéi den Numm et noleet, war et d'Haaptstrooss vum fréieren Duerf Esch, déi vun Ost no West an S-Form queesch derduerch geet.

An der Groussgaass stoung bis 1878 d'Kierch Saint Jean-Baptiste, déi, wéi d'Jousefskierch bis fäerdeg gebaut war, ofgerappt gouf. An d'Plaz gouf d'Groussgaassschoul opgeriicht. Tëscht der Groussgaassschoul an der Kéier fir erof op d'Stadhausplaz war fréier d'Haapt-Duerfplaz, wou Maart a Geriicht gehale gouf. Um ënneschte Wupp dovun gouf an den 1980er Joren[Wéini?] d'Statu De Biergaarbechter, no engem gappen Entworf vum Emile Hulten, opgeriicht.

D'Groussgaassschoul war am Ufank vum Éischte Weltkrich e puer Woche laang den Haaptquartéier vum däitsche Krounprënz Wilhelm von Preußen.[1]

An der Kéier, vis-à-vis vu wou d'Avenue de la Gare ofgeet, war vun 1958 bis 1978 de Kino Empire, deeemools dee gréisste Kino am Land.

 Commons: Grand-Rue (Esch-sur-Alzette) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Ein Alt-Escher erzählt... Aus dem Krieg 1914-18. Der deutsche Kronprinz in Esch." In: Luxemburger Wort, 115. Jg., n° 235/236 (25.08.1962), p. 6 (Digitised by the National Library of Luxembourg).