Eric Clapton

Vu Wikipedia
Eric Clapton
Gebuertsnumm Eric Patrick Clapton
Pseudonym Slowhand
Gebuer 30. Mäerz 1945
Ripley
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Aktivitéit Gittarist, Liddermécher, Autobiograph, Komponist, Jazzmuseker, Sänger, Discographesche Kënschtler
Famill
Bestuet mat Melia McEnery
Kanner Conor Clapton

Den Eric Patrick Clapton, CBE, gebuer den 30. Mäerz 1945 zu Ripley, an England, ass e brittesche Museker, Singer-Songwriter a Gittarist.

A veschiddene Lëschte gëtt hien zu mat deene beschten oder aflossräichste Gittaristen iwwerhaapt gezielt.

Hien huet an den 1960er Joren ufanks mat The Yardbirds gespillt, ier e bei de John Mayall & the Bluesbreakers geweiesselt ass, eng Bluesband. Cream war déi nächst Band, an där e matgespillt huet, zesumme mam Drummer Ginger Baker an dem Bassist Jack Bruce. Bei Cream war säi Stil staark vum JJ Cale an dem Bob Marley beaflosst. Seng Versioun vum Marley sengem "I Shot the Sheriff" huet mat bäigedroen, de Reggae allgemeng bekannt ze maachen. Vum JJ Cale huet hie Cocaine an After Midnight gecovert.

An den 1970er an 1980er Joren hat de Clapton vill Problemer mat Alkohol an Heroin.

Zwee vum Clapton senge bekanntst Lidder si Layla déi e mat der Band Derek and the Dominos opgeholl huet, an dem Robert Johnson säi Crossroads, (mat Cream opgeholl). Och vill Resonanz hat 1991 säi Stéck Tears in Heaven, dat e geschriwwen hat, wéi säi Jong Conor gestuerwen ass, an dat um Album Unplugged erauskoum.

Den Eric Clapton huet nieft aneren Auszeechnungen 18-mol e Grammy Award gewonnen an ass deen eenzegen, deen dräimol an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl gouf: als Solomuseker, an als Member vun The Yardbirds a Cream.