Europäesch Fräihandelsassociatioun

Vu Wikipedia
D'Memberstaaten

D'Europäesch Fräihandelsassociatioun (besser bekannt ënner hirem engleschen Akronym EFTA (fir: European Free Trade Association), och bekannt als Association européenne de libre-échange, AELE), ass eng International Organisatioun, déi de 4. Januar 1960 zu Stockholm gegrënnt gouf. Den Accord dozou ass den 3. Mee 1960 a Kraaft getrueden. Haaptzil war et engersäits, Wuesstem a Wuelstand vun de Memberlänner duerch verdéiften Handel an Integratioun ze vergréisseren, ouni awer sou wäit ze goe wéi d'Europäesch Gemeinschaften, an deemno a Géigegewiicht zu dësen ze sinn.

D'Grënnungsmembere vun der EFTA waren Dänemark, Norwegen, Éisträich, Portugal, Schweden, d'Schwäiz an d'Vereenegt Kinnekräich. Island koum 1970 no, Finnland 1986 a Liechtenstein (1991).

Mä no an no sinn déi meescht Länner den Europäesche Gemeinschaften, resp. der Europäescher Unioun (EU) bäigetrueden: Groussbritannien an Dänemark 1972, Portugal 1986, an Éisträich, Finnland a Schweden 1995, sou datt zanterhir just nach déi aktuell véier Memberstaaten iwwereg blouwen: Norwegen, Liechtenstein,, d'Schwäiz an Island.

Dräi vun deene véier (d'Schwäiz ass net mat derbäi) hunn 1994 en Associatiounsaccord mat der EU ofgeschloss zum Europäesche Wirtschaftsraum (en.: European Economic Area (EEA), fr. Espace Economique Européen (EEE)), déi et hinnen erlaabt, am Europäesche Bannemaart matzemaachen. D'Schwäiz wollt dee Wee net goen a reegelt zanterhier hir Relatioune mat der EU, och, wat deelweisse Maartzougank betrëfft, iwwer bilateral sektoriell Accorden.

Island huet, als Suite vum Finanz- a Wirtschaftsdebakel bei hinnen, 2009 ugefaangen, mat der EU iwwer e Bäitrëtt ze verhandelen. Dës Negociatioune hunn awer zanter 2013 stallgehalen.

Institutiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'EFTA huet follgend Institutiounen:

  • D'EFTA-Sekretariat zu Genf, Bréissel a Lëtzebuerg;
  • D'EFTA-Iwwerwaachungsautoritéit (EFTA Surveillance Authority, ESA) zu Bréissel iwwerwaacht, datt d'EEA-Ofkommes an Island, Liechtenstein an Norwegen agehale gëtt;
  • Den EFTA-Geriichtshaff zu Lëtzebuerg ka rechtsgülteg urteelen, op Island, Liechtenstein oder Norwege géint den EEA-Vertrag verstouss hunn, oder net.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Beyer, W.: EFTA - woher und wohin?, in: FIW-Berichte Nr. 6, 1993.
  • Curzon Price, Victoria: The European Free Trade Association. in: Ali M. El-Agraa (Hrsg.): Economic Integration Worldwide. London: Macmillan, 1997, S. 175–202. ISBN 0-333-65483-8
  • EFTA (Hrsg.): Die EFTA an einem Scheideweg. Genf: EFTA, 1980.
  • EFTA (Hrsg.): EFTA 1960-2000: 40 Years. Genf: EFTA, 2000.
  • Nell, Philippe G.: EFTA in the 1990: The Search for a New Identity. In: Journal of Common Market Studies, Vol. 28 (1990) S. 327–358.
  • Steppacher, Burkard: Die EFTA-Staaten, der EWR und die Schweiz. In: Werner Weidenfeld und Wolfgang Wessels (Hrsg.): Jahrbuch der Europäischen Integration 2011. Baden-Baden 2012, S. 329–332.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europäische Freihandelsassoziation – Biller, Videoen oder Audiodateien