Op den Inhalt sprangen

European Girls' Mathematical Olympiad

Vu Wikipedia

D'European Girls' Mathematical Olympiad (ofgekierzt EGMO) ass eng international Kompetitioun, déi sech un déi bescht Mathematiksschülerinnen aus dem Enseignement secondaire vun den europäesche Länner riicht.

D'European Girls' Mathematical Olympiad gouf fir d'éischt 2012 ofgehalen. Vun do un fënnt se all Joer statt. Lëtzebuerg huet vun Ufank u mat enger Ekipp deelgeholl, war am Joer 2013 den Organisateur vun der Olympiad an at mam Professer Charles Leytem bis 2018 e Vertrieder am Advisory Board. Leader vun der nationaler Ekipp ass zanter 2012 de Pierre Haas.

D'Kompetitioun huet d'Zil, Meedercher fir Mathematik op héiem Niveau ze begeeschteren an déi bescht Schülerinnen aus de verschiddene Länner op eng eventuell Participatioun bei der Internationaler Mathematik-Olympiad virzebereeden.

All europäescht Land kann eng Ekipp vu maximal 4 Schülerinnen an d'Kompetitioun schécken. Heiansdo ginn och eenzel net-europäesch Länner invitéiert, fir un der EGMO deelzehuelen.

D'Epreuve besteet dran, bannent zweemol 4,5 Stonne sechs schwéier Mathematiksproblemer, déi un den IMO-Niveau erukomme kënnen, ze léisen. Pro Léisung kann ee bis zu 7 Punkte kréien; den Total läit also tëscht 0 an 42 Punkten.

Déi Beschtklasséiert kréie Gold-, Sëlwer- oder Bronze-Medailen iwwerreecht, wéi op der Internationaler Mathematik-Olympiad.

Lëscht vun allen EGMO-Kompetitioune bis haut a vun alle Lëtzebuergerinnen, déi eng Medail kruten:

DatumPlazGoldSëlwerBronze
10.-16. Abrëll 2012Cambridge (England)Christina Meyer
8.-14. Abrëll 2013Lëtzebuerg, am LGL
10.-16. Abrëll 2014AntalyaChristina Meyer
14.-20. Abrëll 2015MinskTara Trauthwein
10.-16. Abrëll 2016Bușteni (Rumänien)
6.-12. Abrëll 2017Zürich
9.-15. Abrëll 2018Florenz
7.-13. Abrëll 2019Kiew
2020 an 2021Am Abrëll goufe wéinst der COVID-19-Pandemie just virtuell Kompetitiounen ofgehalen.
D'Schülerinne waren invitéiert, déi proposéiert Problemer bei sech doheem ze léisen.
2022Wéinst de Reesaschränkungen duerch d'COVID-19-Pandemie konnt Lëtzebuerg un der EGMO 2022 net deelhuelen.