Fédération aéronautique luxembourgeoise
Fédération aéronautique luxembourgeoise | |
---|---|
Ofkierzung | FAL |
Grënnungsdatum | 28. November 1909 |
Sëtz |
3, route d'Arlon L-8009 Stroossen |
President | Frank Engel |
Generalsekretär | Jean-Claude Weber |
Tresorier | Jang Lorang |
Member vu(n) | COSL, FAI |
Websäit | https://aeroclub.lu/ |
D'Lëtzebuerger Loftfaartfederatioun, offiziell Fédération aéronautique luxembourgeoise, gekierzt FAL, ass den nationale Verband vun de Sportsveräiner aus der Loftfaart zu Lëtzebuerg.
D'FAL ass 1909 gegrënnt an den 19. Oktober 2006 als ASBL am Handelsregëster registréiert ginn[1]. Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL a vun der Fédération aéronautique internationale (FAI). D'Federatioun bréngt all Acteure vun der Loftfaart zu Lëtzebuerg zesummen, fir dee Secteur op nationalem an internationalem Plang ze representéieren a fir d'Aktioune vun hire Memberen ze koordinéieren an z'ënnerstëtzen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Wuerzele vun der Federatioun ginn op d'Gebuertsstonn vum Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg zeréck, deen den 28. November 1909 gegrënnt gouf, fir am Juni 1910 d'Semaine de l'aviation de Mondorf-les-Bains z'organiséieren.[2]
Den Numm vum Club huet am Laf vun de Joren e puermol changéiert: Aéro-Club luxembourgeois, Aéro-Club du Luxembourg, Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg, Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg (Fédération aéronautique luxembourgeoise)[3]. 1988 gouf se a Fédération aéronautique luxembourgeoise, mam Zousaz a Klammeren Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg ëmgenannt. Den Zousaz gouf 2011 gestrach.
Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]Presidenten
[änneren | Quelltext änneren]De President vun der FAL ass de Frank Engel.
Fréier Presidenten
[änneren | Quelltext änneren]…
- 1963 – 1972: Joseph Beck
- 1972 – 1982: Norbert Theisen
- 1982 – 1986: Pit Thibo
- 1986 – 1991: Pit Klein
- 1991 – 2006: Jean Birgen
- 2006 – 2016: Carlo Lecuit
- zënter 2016: Frank Engel
Membere vun der FAL, der Branche no[4]
[änneren | Quelltext änneren]Aeronautesche Patrimoine
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerger Fligermusée
Ballonfueren
[änneren | Quelltext änneren]- Cercle luxembourgeois de l'aérostation
- Commune aérostatique du Grand-Duché de Luxembourg
- Lëtzebuerger Ballons Club
Fallschiermsprangen
[änneren | Quelltext änneren]- Cercle Para Luxembourg
Fräie Fluch
[änneren | Quelltext änneren]- Cumulux Paragliding Club
Komplementar Loftfaartaktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]- AOPA Luxembourg
- Luxembourg Approach Controllers Association
Modellfligerbau
[änneren | Quelltext änneren]- Les aéromodélistes d'Olm
- Aéro Club Dudelange
- Modell-Club petite suisse Berdorf
- Modellfligerklub Miersch
- Aéromodèlistes Ettelbruck
- Model Flyers Luxembourg
- Modellballonen Lëtzebuerg
Microaviatioun (ULM a Motorschierm)
[änneren | Quelltext änneren]- Aéroplume Luxembourg
- Paramoteur Club Luxembourg
Motoraviatioun
[änneren | Quelltext änneren]- Aéro-Sport
- Avialux
- Avia-sport II
- Luxembourg Aerobatic Association
- Piper Club
- Young Pilots Luxembourg
Seegelfluch
[änneren | Quelltext änneren]- Cercle luxembourgeois de vol à voile
- Luxembourg Aerobatic Association
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F6034 agedroen
- ↑ 5.-12. Juni 1910. Quell: Klensch, Albert, 1910. Semaine de Mondorf-les-Bains (5—12 juin 1910) - Le meeting de Mondorf-les-Bains sera un grand événement sportif - Les cinq aviateurs inscrits. L'indépendance luxembourgeoise 03.06.1910. Permalink: https://persist.lu/ark:70795/zm257q/articles/DTL44
- ↑ Extrait du procès-verbal de l'assemblée générale du 23 février 1980, (lbr.lu)
- ↑ (en)Fédération Aéronautique Luxembourgeoise - Branches. Gekuckt de(n) 18.12.2023.