Op den Inhalt sprangen

Fëschbech (Roudemerbaach)

Vu Wikipedia
Fëschbech
D'Fëschbech am Seelsbësch bei Rued-Sir
Längt 3.800 m
Hydrographesche
Baseng
Rhäinbaseng
Originn
Originn Zesummelaf
Héicht 300
Konfluenz
Leeft an Roudemerbaach
Héicht 231
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Guttland

D'Fëschbech ass eng Baach an de Gemengen Nidderaanwen a Betzder.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun e puer Grief op enger Héicht vu ronn 300 Meter am Ënneschte Bësch eng 800 Meter südëstlech vum Engelshaff.

Vun do aus leeft se no Osten, am Norde laanscht Rued-Sir, fir am Weste vun Ouljen op enger Héicht vun 231 m an d'Roudemerbaach ze lafen.

D'Fëschbech ass 3.800 Meter laang.