Roudemerbaach

Vu Wikipedia

D'Roudemerbaach ass eng Lëtzebuerger Baach an de Gemenge Jonglënster a Betzder.

Se entsteet eng ronn 900 m nërdlech vu Roudemer aus dem Zesummelaf vun der Déischelbaach an enger Bächelchen déi aus dem Bësch Läschend kënnt, op enger Héicht vun 265 Meter.

Vu do aus leeft se no Südosten duerch Roudemer, an duerno op enger Làngt vu ronn 1.800 Meter laanscht den CR122 bis op Ouljen, fir do no engem Laf vun 3.500 Meter, op enger Héicht vun 227 m an d'Sir ze lafen.

Hir Niewebaache sinn d'Fëschbech, d'Aasselbaach, d'Faaschtbaach an eng Baach déi vun der Administration de la gestion de l'eau ënner dem Code 706 als Nebenbach Roudemerbach gefouert gëtt. Déi Baach ass 1,5 km laang an huet hir Quell am Bësch Faascht tëscht Roudemer a Gonnereng.

D'Roudemerbaach huet de Code 499.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]