FIFA World Cup

Vu Wikipedia
FIFA World Cup

De FIFA World Cup ass d'Coupe vun der Foussball-Weltmeeschterschaft, déi zanter 1974 vergi gëtt.

Ausgesin[änneren | Quelltext änneren]

De 1971 vum Italieener Silvio Gazzanigi kreéierte FIFA World Cup-Pokal ass eng gëlle Skulptur aus 18-Karat Gold a Malachitsteng déi 36 cm héich ass a 5 kg weit. Si weist zwéi Foussballspiller déi triumphéieren an zesummen d'Weltkugel an hiren ausgestreckten Hänn halen.

Wäert[änneren | Quelltext änneren]

Nëmmen den amtéierende Weltmeeschter kritt den 10 Mio. Dollar deiere Pokal fir véier Joer ausgehännegt. Nodeem en de Pokal un den neie Weltmeeschter erëm muss ofginn, kritt d'Land eng vergëllt Replique vum Original. Eleng d'Hierstellung kascht 50.000 US-Dollar. No 2038 ass keng Plaz méi um Sockel vun der Coupe fir e weidere Gewënner anzedroen.

Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger vum FIFA World Cup war d'Coupe Jules Rimet. Dës gouf bei de Foussball-Weltmeeschterschaften vun 1930 bis 1970 vergin. Se gouf nom fréiere FIFA-President Jules Rimet benannt.