Kapell Fautelfiels

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fautelfiels)
Baussevue vum Fautelfiels mat der Kapell (2014)
De Banneraum vun der Kapell (2015)

D'Kapell Fautelfiels ass eng Kapell an enger natierlecher Grott vun enger markanter Fielsformatioun am Lëtzebuerger Sandsteen, dem Fautelfiels, an de Bëscher ëstlech vun Hielem an der Gemeng Luerenzweiler.

Originn vum Numm Fautelfiels[änneren | Quelltext änneren]

Den André Heiderscheid, dee vu Luerenzweiler staamt, huet sech ausféierlech mat dem Numm beschäftegt an eraus fonnt datt e warscheinlech op d'Presenz vu Kuelebrenner zeréckzeféieren ass, well dat al wallounesch Wuert "faulde" gebraucht gouf fir eng Kueleplaz ze bezeechnen. No beim Fautelfiels gëtt et och de Flouernumm "Op Kuelent" an et gëtt ugeholl datt do Kuelebrenner geschafft hunn déi hir Wuer un déi deemoleg Schmelzen zu Fëschbech geliwwert hunn.

Geschicht vun der Kapell[änneren | Quelltext änneren]

D'Originne vun der Kapell sinn net ganz kloer. Duerch déi Spuere vun enger Populatioun aus der Steenzäit, déi an der Ëmgéigend fonnt goufen, kann een unhuelen datt déi Grott schonn deemools als Kultplaz oder als Wunnecht benotzt gouf. Et gëtt och ugeholl, datt am 17. Joerhonnert d'Grott vun de Kuelebrenner benotzt gouf, déi an der Ëmgéigend geschafft hunn. Eréischt an der Zäit vun der Franséischer Revolutioun krut d'Grott hire reliéise Charakter wéi se vu verfollegte Leit als Stopp benotzt gouf. Et goufen och Massen do gehale mat engem Altor, deen an déi lénks Säitemauer agehae gouf.

Géint 1840 gouf an der Grott en Altor a Statuen installéiert, déi aus der aler Kierch vu Blaaschent gestaamt hunn. Um barocken Altor stoung eng Statu vun der Tréischterin am Leed. Iwwer der Aganksdier stoung an enger Nisch eng Hellegefigur mat engem oppene Buch an der Hand. D'Kapell an der Grott gouf an der Zäit vill besicht an heiansdo goufen och Massen do geliest, z. B. um 1. Mee a wärend der Oktavzäit. Wéinst Vandalismus gouf d'Kapell vun de 1970er Joren un déi meeschten Zäit zougespaart.

Enn 2012 hu Leit vun der Kathoulescher Männeraktioun vu Luerenzweiler d'Kapell besicht fir den Zoustand ze gesinn an den Inventaire ze maachen. Am Abrëll 2013 hu se de Schäfferot vu Luerenzweiler wéinst hirem Projet vun der Renovatioun vun der Kapell kontaktéiert. D'Gemeng ass nämlech Proprietär vun där Plaz. Mat Hëllef vun der Gemeng, dem Fieschter, dem Deche Felix Steichen an anere Fachleit ass duerno d'Kapell restauréiert ginn. Op der nei verbotzter Réckwand goufen als Dekoratioun dräi vun der Kënschtlerin Katarzyna Kot-Bach geschaf Holzreliefer opgehaangen.

D'Kapell gouf den 11. Oktober 2014 feierlech nei ageweit. Op Christi Himmelfaart 2015 gouf do nees eng Mass gehalen.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Aganksdier fir an d'Kapell

D'Kapell ass an enger natierlecher Grott am Fautelfiels, déi een duerch eng Spléck am Fiels iwwer e puer an de Fiels geschloen Träppleke ka betrieden. De rechteckege Banneraum vun zirka 9 x 5 m ass duerch eng verglaste Metalldier ofgeschloss. Duerch eng natierlech Ëffnung am Fiels, an déi eng faarweg Fënster agesat gouf, kënnt genuch Liicht an de Raum fir daagsiwwer keng weider Lut ze brauchen. Déi schmuel Réckwand vum Raum gouf fréier benotzt fir en Altor virdrun opzestellen. Haut gëtt et kee richtegen Altor méi, nëmmen eng Nisch mat e puer Käerzen a Blummen an déi dräi hëlze Konschtreliefer op der Mauer.

Am Fautelfiels gëtt et riets vun der Kapell nach eng zweet méi kleng Grott, dee sougenannte Bakuewen. Do kann ee vu baussen och eropklammen.

Bei de Fautelfiels kënnt een am beschten wann ee vun der Haaptstrooss zu Hielem, der N7 aus,vfc d'Hielemer Strooss bis ganz zum Schluss eropfiert an dann zu Fouss de Bëschwee an nërdlecher Richtung geet. No zirka 700 m kënnt ee bei eng Ofzweigung, wou een no riets weidergeet an iwwer eng Rei Träppleken no kuerzer Zäit op der Plaz ass.

Nom Fautelfiels benannt[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1955 gëtt et zu Hielem d'Strooss "rue Fautelfiels", iwwer déi een awer net direkt dohinner kënnt. Och eng Bushaltestell vun der Linn 290 ass nom Fautelfiels benannt. Fréier gouf et zu Hielem och e Café, deen 1980 vum Wiert Pierre Hoffmann-Wagner vu Café an Hensels op Café Fautelfiels ëmbenannt gouf an dee bis 1991 a Betrib war. Duerno gouf d'Gebai vun "Nei Aarbecht" iwwerholl.

De Michel Rodange an de Fautelfiels[änneren | Quelltext änneren]

1854 huet de Michel Rodange, deen deemools zu Steesel als Schoulmeeschter täteg war, d'Gedicht "Der Fautenfels" geschriwwen. D'Gedicht huet en engem jonke Meedche geschenkt, dat en de Päischtsonndeg op engem Museksfest zu Heeschdref am Park vum Schlass kenne geléiert hat. De 5. Oktober duerno huet en d'Madeleine Leysen vu Stroossen bestuet.

D'Aussiichtsplattform[änneren | Quelltext änneren]

D'Aussiichtsplattform um Fautelfiels

Säitlech laanscht de Fautelfiels kann een iwwer eng Rei Träppleken uewen op de Fiels klamme wou eng mat Bänken an engem Dësch ekipéiert Plattform amenagéiert gouf. Op engem grousse Panneau kritt een erkläert wat een alles op deem schéine Panoramabléck ka gesinn, deen ee vun hei huet. Op der Plattform ass och eng Fändelsstaang (mat Fändel), déi 1986 installéiert gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Archivekommissioun vu Luerenzweiler, am Optrag vun der Gemeng, an Zesummenaarbecht mat der K.M.A., 2014: D'Fautelfiels, Imprimerie OSSA, Nidderaanwen, 30 S. (och als Pdf-Fichier disponibel)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Fautelfiels – Biller, Videoen oder Audiodateien