Feldmouk

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg road sign diagram A 15.gif Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (Zinneke), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

Mouk
E Weibchen
E Weibchen
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Amphibien
Uerdnung: Fräschelurchen (Anura)
Ënneruerdnung: Neobatrachia
Famill: Mouken (Bufonidae)
Gattung: Echt Mouken (Bufo)
Aart: Feld- oder Gaardemouk
Wëssenschaftlechen Numm
Bufo bufo
Linnaeus, 1758


D' Feldmouk oder Gaardemouk (Bufo bufo), dacks einfach Mouk, ass e Fräschlurch aus der Gattung vun den Echte Mouken bannent der Famill vun de Mouken (Bufonidae).

Ausgesinn[änneren | Quelltext änneren]

Bei deFeldmouken a Mëtteleuropa gëtt de Männche bis zu néng Zentimeter laang, d'Weibche bis zu zwielef. Si weien tëscht 30 a 50 Gramm (Männchen) resp. tëscht 50 und 100 Gramm (Weibchen), och alt bis zu 150 Gramm, wann se voll Eeër sinn.

Hire Kierper huet uewendrop warzeg Hautdrüsen an e breede ronne Kapp, op deem sengem hënneschten Deel op den zwou Säite bounefërmeg Drüsen (Parotiden) sinn, an deenen e Gëft ass, dat Friessfeinden ofwiere soll. Uewendrop si se meeschtens gro- bis routbrong; d'Männercher sinn heiqnsdo schwaarzbrong oder och alt hell-leemfaarweg, iwwerdeems d'Weibercher éischter réitlech Téin hunn. Männchercher kënnen och donkel Flecken hunn. ënnendrënner sinn d'Mouke knaschteg-wäiss, mat gro-schwaarze Flecken. D'Pupille si waagerecht elliptesch geformt, d'Iris huet eng koffer- bis goldrout Faarf.

Mouken hu relativ kuerz hënnescht Been a beweege sech op véier Patte virun, wann et méi séier muss goen, maache se kleng Spréng. D'Männercher hunn eppes méi kräfteg viischt Been, an e méi flaache Kapp wéi d'Weibercehr a bleiwe, wéi gesot, méi kleng wéi si.