Fernandina

Vu Wikipedia
Fernandina
Geographie
Land Ecuador
Läit an/am Pazifeschen Ozean
Gehéiert zu Galápagosinselen
Koordinaten 0°22'12"S, 91°33'0"W
Fläch 629 km²
Längt 34,9 km
Breet 27,8 km
Verwaltung
Verwaltungseenheet Provënz Galápagos
Demographie
Awunner 0
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC−6
Vue op de La Cumbre-Vulkan op Fernandina vun der ISS aus gesinn

Fernandina ass déi drëttgréisst Insel vum Galápagosarchipel. Si huet eng Fläch vu 629 km² a gëtt als déi jéngst vum Archipel betruecht. Hir vulkanesch Landschaft ass beandrockend.

Et ass eng vun de wéinegen Inselen op der Welt op déi ni en Déier vu Mënsche bruecht gouf, a si huet och den aktiivste Vulkan vun der Welt.

Punta Espinosa ass déi Plaz déi am meeschte vun Touriste besicht gëtt, et ass iwwerhaapt eng vun den interessantste vun de Galápagos-Inselen. Hei fënnt ee vill Mierleguanen, Séiléiwen, Kormoranen (déi net fléie kënnen) a Pinguinen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fernandina Island – Biller, Videoen oder Audiodateien