Santa Fe (Galapagos)
Santa Fe ass eng kleng onbewunnten Insel am Archipel vun de Galapagosinselen a gehéiert zu Ecuador. Si huet eng Fläch vu 24 km², den höchste Punkt läit op 259 m. Hiren Urspronk deen op ronn 3 Millioune Joren zeréckgeet, mécht aus hir eng vun den eelsten Insele vum Archipel. De Besuch vun Touristen ass erlaabt.
D'Vegetatioun entsprécht där vu ganz dréchene Géigenden. Bemierkenswäert ass e Bësch aus mächtegen Opuntiakaktusse mat enorm décke Stämm. Dëse Bësch ass eemoleg op de Galapagosinselen.
Op Santa Fe liewen e Landleguan an eng Räisrat déi nëmmen op dëser Insel virkommen.
Planzen an Déieren op Santa Fe[änneren | Quelltext änneren]
Mächtege Baamcactus Opuntia echios
Galapagos-Landleguan Conolophus subcristatus
Santa Fe-Landleguan Conolophus pallidus
Galapagos-Séiléif Zalophus californianus var. wollebacki
Galapagos-Räisrat Oryzomys bauri
Naturschutz[änneren | Quelltext änneren]
Verwëldert Hausgeesse waren e Problem op Santa Fe, ier si 1971 konnten do ausgerott ginn.
Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]
- Galápagos, J. Kricher. Smithsonian Natural History Series. Smithsonian Institution Press. 2002.
- Birds, Mammals and Reptiles of the Galápagos Islands. A. Swash and R. Still. A&C Black Publishers, 2nd edition, 2006.