Santa Fe (Galápagos)
Ausgesinn
| Santa Fe (Galápagos) | |
|---|---|
|
| |
| Geographie | |
| Land | Ecuador |
| Läit an/am | Pazifeschen Ozean |
| Gehéiert zu | Galápagosinselen |
| Koordinaten | 0°49'12"S, 90°3'36"W |
| Fläch | 24,13 km² |
| Verwaltung | |
| Verwaltungseenheet | Provënz Galápagos |
| Demographie | |
| Awunner | 0 |
| Aner Informatiounen | |
| Genannt no | Kathoulesch Kierch, Samuel Barrington |
| Zäitzon | UTC−6 |
|
| |

Santa Fe ass eng kleng onbewunnten Insel am Archipel vun de Galápagosinselen a gehéiert zu Ecuador. Si huet eng Fläch vu 24 km², den héchste Punkt läit op 259 m. Hiren Urspronk deen op ronn 3 Millioune Joren zeréckgeet, mécht aus hir eng vun den eelsten Insele vum Archipel. De Besuch vun Touristen ass erlaabt.
D'Vegetatioun entsprécht där vu ganz dréchene Géigenden. Bemierkenswäert ass e Bësch aus mächtegen Opuntiakaktusse mat enorm décke Stämm. Dëse Bësch ass eemoleg op de Galápagosinselen.
Op Santa Fe liewen e Landleguan an eng Räisrat déi nëmmen op dëser Insel virkommen.
Planzen an Déieren op Santa Fe
[änneren | Quelltext änneren]- Mächtege Baamcactus Opuntia echios
- Galapagos-Landleguan Conolophus subcristatus
- Santa Fe-Landleguan Conolophus pallidus
- Galapagos-Séiléif Zalophus californianus var. wollebacki
- Galapagos-Räisrat Oryzomys bauri
Naturschutz
[änneren | Quelltext änneren]Verwëldert Hausgeesse waren e Problem op Santa Fe, ier si 1971 konnten do ausgerott ginn.
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Galápagos, J. Kricher. Smithsonian Natural History Series. Smithsonian Institution Press. 2002.
- Birds, Mammals and Reptiles of the Galápagos Islands. A. Swash and R. Still. A&C Black Publishers, 2nd edition, 2006.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Santa Fe (Galápagos) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
