Op den Inhalt sprangen

Festival luxembourgeois du cyclisme féminin Elsy-Jacobs

Vu Wikipedia

De Festival luxembourgeois du cyclisme féminin Elsy-Jacobs ass eng international Etappecourse am Vëlo fir Dammen, déi zu Lëtzebuerg gefuer gëtt. Si ass bei der UCI an der Klass 2.1 agestuuft. D'Course gëtt zu Éiere vun der Vëlossportlerin Elsy Jacobs (1933-1998) organiséiert, déi 1958 Weltmeeschterin an der Course en Ligne zu Reims gouf, an dat selwecht Joer en neie Stonneweltrekord zu Mailand opgestallt huet.

D'Course gëtt vum Vëlosclub SaF Zéisseng organiséiert an ass ënner dem Patronage vun der Stad Lëtzebuerg an de Gemenge Mamer a Garnech.

De Festival luxembourgeois du cyclisme féminin Elsy-Jacobs ersetzt déi zwou fréier Eendagescoursse Grand Prix Elsy-Jacobs a Grand Prix Nicolas-Frantz.

Déi éischt Oplo vun der Etappecourse gouf vum 27. bis den 29. Abrëll 2012 gefuer. Si bestoung aus engem Prolog an der Stad Lëtzebuerg, enger éischter Etapp vu Garnech op Garnech, an enger zweeter Etapp vu Mamer op Mamer.

Joer 1 2 3
2012 NED Marianne Vos NED Annemiek van Vleuten NED Adrie Visser
2013 NED Marianne Vos ITA Giorgia Bronzini SWE Emma Johansson
2014 NED Anna van der Breggen NED Marianne Vos USA Shelley Olds
2015 NED Anna van der Breggen NED Annemiek van Vleuten NED Lucinda Brand
2016 POL Katarzyna Niewiadoma AUS Katrin Garfoot NED Anna van der Breggen