Op den Inhalt sprangen

Fetten Donneschdeg

Vu Wikipedia

Fetten Donneschdeg ass den Donneschdeg viru Fuessonndeg.

D'Fuesent fänkt zu Lëtzebuerg op Liichtmëssdag un an se huet hiren éischten Héichpunkt op Fetten Donneschdeg. An Erënnerung un al heednesch Bräich, goufe fréier op dësem Dag dekoréiert Danzenochse vun de lokale Metzleren duerch d'Gaasse vun de Stied gedriwwen. Dëse Brauch huet nach bis géint 1900 zu Iechternach bestanen[1]. D'Kanner sinn och duerch d'Gaasse gaangen, hunn Heeschelidder gesongen a fir Miel, Speck an Eeër gebiedelt („d'Fuesbroden heesche goen“[2]). Déi geheescht Saache goufen all zesumme gedroen an et goufe Fueskichelcher doraus gebak[3].

Bis haut huet sech en anere Brauch gehalen, dee beseet, datt d'Fraen op Fetten Donneschdeg d'Herrschaft an der soss haaptsächlech männlecher Gesellschaft iwwerhuelen a se notzen d'Geleeënheet, fir den anungslose Männer dat ofzeschneide wat se als Vertrieder vum - wéi et schéngt - staarke Geschlecht ausweist: hir Krawatten[4].

De Fetten Donneschdeg entsprécht dem „Schmotziger Donnerstag“ an der schwäbesch-alemannescher Fuesent, woubäi schmotzig am alemanneschen Dialekt „fetteg“ heescht. Den Numm kënnt dohier, datt op dësem Dag gär fetteg Fueskichelcher (z. B. Berliner oder Nonnefäscht) giess gi sinn. Den Donneschdeg war awer och dee leschten Dag, op dem geschluecht gouf an dowéinst grouss Deeler Fleesch giess konnte ginn.

Beispiller vu fréieren Heeschelidder[2]

[änneren | Quelltext änneren]

Hei kommen déi Bëlleger Jongen[5],
 Se kommen, se kommen dohier gesprongen,
Se sprangen iwwer de Kiwwel,
 Dem Kiwwel geet de Buedem aus,
D'Fräche leeft sech d'Duerf aus.
Fräche, wuer gitt der lafen?
 En neie Kiwwel kafen.
Do kënnt e Widder,
 Dee stéisst se nidder,
Do kënnt e Bock,
 Deen hieft se op,
Do kënnt eng Geess,
 Déi stéisst s'an de Weess.




Hei kommen d'Fuesentsmeedercher,
 Si heesche Fuesentsbréidercher,
Si heesche fir Sankt Péiter,
 Sankt Péiter ass en hellege Mann,
Deen den Himmel opschléisse kann.
 Am Himmel, am Himmel,
wéi geet et dann?
Mat Sëlwerkrounen,
 Gott wëllt Iech lounen.

Commons: Fetten Donneschdeg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Danzenochs“ am Luxemburger Wörterbuch, online gekuckt de 15. Januar 2019
  2. 2,0 2,1 (de)„Fues(ents)brot“. Luxemburger Wörterbuch, digitaliséiert Versioun vun der Universitéit Lëtzebuerg, Department of Humanities. Gekuckt de(n) 17.01.2024.
  3. Zeiten und Feste. Obermosel-Zeitung, 49. Jg., nº 33, p. 1. (08.02.1929). Gekuckt de(n) 17.01.2024.
  4. Quell: Hausemer, G., & Luxembourg Service Information et Presse. (2013). Apropos ... Feste und Traditionen in Luxemburg, Säit 4. Luxembourg: Presse- und Informationsamt, gekuckt op luxembourg.public.lu de 15. Januar 2019
  5. vu Waldbëlleg
  6. (de)„Brudder“. Luxemburger Wörterbuch, digitaliséiert Versioun vun der Universitéit Lëtzebuerg, Department of Humanities. Gekuckt de(n) 17.01.2024.