Filament (Kosmologie)

Vu Wikipedia
Déi no Ëmgéigend vum Virgo-Superkoup, an deem och eis Mëllechstrooss läit – et gesäit een en ettlech Voids tëscht de Filamenter an de Superkéip

Als Filament (engl., lat. „Fuedem, Faser“) bezeechent een d'fuedemfërmeg Verbindungen am Universum tëscht Galaxiëkoup a Superkéip mat enger méi héijer lokaler Galaxiendicht ëm riseg Huelraim (engl. voids) erëm.

Existenz[änneren | Quelltext änneren]

All méiglech Theorie vum Urspronk vun dëse Strukturen op allergréisste Skale muss d'Opstellung vun dësen Huelraim/Voids erklären, déi a Gréisste vun ongeféier 100 Mega-parsec (= 326 Millioune Liichtjoer) optrieden.

Wann een déi typesch Eegevitesse vun enger Galaxis bei ronn 600 km/s (= 0,002 c) usetzt, géif et 163 Milliarde Joer daueren, bis eng Galaxis sou een Huelraum duerchkräizt hätt, also ongeféier dat 12facht vum Weltraumalter (zirka 13,7 Milliarde Joer). Also ass et extreem onwahrscheinlech, datt Huelraim duerch eng auswäerts geriicht Beweegung vu Galaxië geformt gouf.

D'Galaxië musse sech relativ zu de Voids geformt hunn, wou si am Ament sinn, an d'Voids d'Verdeelung vu Galaxien zum Zäitpunkt vun hirer Genesis reflektéieren.

Well baryonesch (mat Stralung wiessselwierkend, „normal“) Matière am fréien Universum vill ze homogeen war, fir gravitativ sou Strukturen ze formen, däerft déi eis momentan vëlleg exotesch erschéngend donkel Matière, déi mir nëmmen duerch hir gravitativ Wierkung op d'Galaxiëbeweegungen erkenne kënnen, strukturformend gewierkt hunn.

Och eis Mëllechstrooss, déi ronn 2,5 Millioune Liichtjoer vum Andromedaniwwel ewech ass, déi aner Membere vun der Lokaler Grupp an no Galaxiëgruppe maache mam Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup a 65 Millioune Liichtjoer am Zentrum vum Coma-Koup (Abell 1656) an dem Leo-Galaxiëkoup (Abell 1367) a ronn 300–450 Millioune Liichtjoer Distanz e risegt Filament. Méiglecherweis ass och d'Grouss Mauer en Deel vum Coma-Virgo-Superkoup. Dëse spawecksaartegen Objet beweegt op d'Norma, südlech vum Scorpius, a Richtung vum Groussen Attrakter hin.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]