Patagonesch Zypress

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fitzroya)
Patagonesch Zypress
Patagonesch Zypressen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Nolholzplanzen
Klass Pinopsida
Uerdnung Pinales
Famill Zypresseplanzen
Gattung Fitzroya
Wëssenschaftlechen Numm
Fitzroya cupressoides
I.M.Johnst.


D'Patagonesch Zypress Fitzroya cupressoides (Molina) I.M.Johnst. ass déi eenzeg Aart an der Gattung Fitzroya. Si kënnt an der fräier Natur nëmmen am Chile fir. An Europa fënnt e se a Parken an an Arboretummen, a Géigende wou d'Wänter mëll sinn, z. B. a Südengland wou se awer och nëmme bis 18 Meter héich gëtt.

Hir Schuel ass donkelbrong, mat déiwe Rëss, a se bliedert of.

D'Kroun ass bei de jonke Beem kegelfërmeg, déi deck Äscht stinn zimmlech riicht d'Luucht aus, an déi jonk Schëtz hänken no ënnen.

D'Blieder sinn 2–4 mm laang. Si sinn donkel blo-gréng a sëtzen all Kéier zu 3 beieneneen. Se hunn op all Säit 1-2 kleng wäiss Sträifen.

Den Numm Fitzroya krut se fir de Vizeadmirol Robert FitzRoy ze éieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fitzroya – Biller, Videoen oder Audiodateien