Fixstär

Vu Wikipedia

E Fixstär (vum laténgeschen stellae fixae = »Stär dee feststeet«) ass eng Bezeechnung fir déi visuell onverréckelbar Stären um Nuetshimmel, déi aus der Antiquitéit staamt. Doduerch datt si sech net verréckelen, forméiere si déi bekannt Stärebiller a Konstellatiounen. Den Ënnerscheed zu de Fixstäre maache „Wandelstären“, dat heescht d'Planéiten, déi stänneg hir Positioune veränneren.

Tatsächlech awer hunn d'Fixstären och eng Eegebeweegung, wéi den James Bradley 1728 erkannt huet. D'Bezeechnung Fixstären ass dowéinst onprezis, an haut kaum nach gebräichlech, a gouf duerch Stären ersat.

Bei de meeschte Stäre féiert hir tatsächlech Beweegung am Raum wéinst de groussen Distanzen zu der Äerd nëmmen zu enger ganz klenger Eegebeweegung an der geduechter Himmelskugel. Et gëtt awer wéi iwwerall och Ausnamen. De Stär mat der bis elo gréisster bekannten Eegebeweegung ass de Feilstär vum Barnard.

E weideren Effekt, dee fir eng visuell Beweegung vu Stären um Himmel verantwortlech ass, ass déi joreszäitlech Beweegung vun der Äerd ëm d'Sonn, bei där sech d'Positioun vun der Äerd verréckelt, d'Prezessioun.

Mat bloussem A kënnen um ganzen Himmel ronn 6000 Fixstäre gesi ginn, dovun ongeféier d'Hallschent gläichzäiteg vun enger Plaz vun der Äerd aus. Si sinn alleguer Stären an der Mëllechstrooss a stinn op verschiddenen Distanze vun eis. Déi meescht vun haut geschaten 100 Milliarde Stäre vun der Mëllechstrooss sinn awer, well se ze liichtschwaach sinn, mat bloussem A net ze gesinn.

Dat Stäresystem, dat am nooste beim Sonnesystem ass, ass d'Alpha Centauri-System, dat aus dräi (Fix-) Stäre besteet, vun deem de Proxima Centauri am noosten ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]