Fléiz (Waasserbau)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fléiz)
Reschter vun engem Fléizwier bei Lellgen um Flouer Wanaal
hëlzent Wier fir ze fléizen
Wisebeil

E Fléiz ass am Éislek e Waassergruef, deen ugeluecht gouf, fir Wisen ze bewässeren. D'Tradition vum „Fléizen“ geet op d'Enn vum 19. Joerhonnert zeréck. Bis an d'Nokrichszäit goufen a villen Deeler vum Éislek, grad sou wéi an aneren Deeler vu Mëtteleuropa Wise bewässert. Ganz wéineg Baueren hunn dës Technik nach bis an d'2000er Joren applizéiert. Mam Op-oder Zoumaache vum Wisewier konnt ee regléieren, wéi vill Waasser a wat fir e Fléiz lafe sollt.

Mam Wisebeil goufen zwou parallel Linnen an d'Wiss geschloen (sou wäit ausernee wéi de Fléiz sollt breet ginn), an da goufe mam Mëttelstéck déi Stécker Wiss mam Buedem erausgeholl.

Sou Wise gouf et am Siegerland, an der Pfalz, um ieweschte Rhäin an am Schwarzwald. Déi bekanntst Beispiller a Mëtteleuropa sinn d'Anlagen am Val Venosta a Südtiroul, déi do Waale genannt ginn, an d'Suonen am Valais an der Schwäiz.

Am Abrëll 2022 gouf d'Fléize vun der UNESCO op d'Lëscht vum immaterielle Kulturierwen an der Kategorie Wëssensschätz a Bräich, déi d'Natur an den Universum betreffen opgeholl. D'Naturparken Öewersauer an Our, souwéi natur&ëmwelt hate sech derfir agesat. De 25. November 2021 war d'Fléize schonn an den nationalen Inventaire vum immaterielle Kulturierwen opgeholl ginn[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fléiz (Waasserbau) – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Fléizen op iki.lu, der Websäit vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg (gekuckt de 17. Abrëll 2022)

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. (de)Schartz, Nadine, „Fléizen“ und „Wanderschéiferei“ sind immaterielles Kulturerbe der Unesco. Wort.lu online, Luxemburger Wort, 7.12.2023, S.15 (06.12.2023). Gekuckt de(n) 07.12.2023.