Flandria (Maschinnebauer)

Vu Wikipedia
E Flandria-Vëlomoto vun 1975
Flandria-Logo

Flandria ass eng historesch belsch Vëlomotosmark, déi zu Zedelgem vun 1951 bis 1981 hir Fabrick hat.

Flandria huet fir d'éischt liicht Maschinne gebaut fir Bauerebetriber. E Vëlo mat Hëllefsmotor haten d'Bridder Aimé an Remi Claeys schonn 1951 mat engem 40 ccm "Rex" Motor ekipéiert; d'Joer drop hate se schonn e 49 ccm Motor, dee si selwer entwéckelt a gebaut haten. 1953 gouf deen éischte Flandria "Superia" Vëlomoto mat engem selwergebaute Claeys-Motor virgestallt.

Am Joer 1959 sinn déi zwéi Bridder auserneegaangen. Den Aimé huet weider Flandria Vëlomotoe gebaut an de Remi huet ugefaangen, der selwer ze bauen; ënner dem Numm "Superia" mat Sachs-Motoren.

An de siwwenzeger Joren huet Flandria méi wéi 100.000 liicht Motoen, Vëlomotoren, Méimaschinnen an Hëtzkierpere fabrizéiert.

Plakat fir de Flandria-Scooter

1981 huet den Aimé Claeys opgehalen, a säi Brudder huet d'Betriber iwwerholl. Ausser zu Zedelgem an zu Zwevezele an der Belsch hat Flandria nach aner Fabricken: Zu Avaros an Holland, a Frankräich, Marokko an a Portugal. Zu Figueres a Spuenie goufe Flandria-Motorbléck a Lizenz gebaut.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]