Fotell
Ausgesinn
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/88/Grand_Taile.jpg/220px-Grand_Taile.jpg)
Eng Fotell ass e kamoud Miwwelstéck, op dat eng Persoun sech sëtze kann. Den Ënnerscheed tëscht engem Stull an enger Fotell ass deen, datt d'Fotell gepolstert ass a Stäipe fir d'Äerm huet. E gepolsterte Sëtzmiwwel fir méi Leit gëtt Kanapee genannt.
D'Fotell fënnt ee generell an der Stuff, dacks zesumme mat engem Dëschelchen an engem Kanapee, oder virun dem Televisiounsapparat.