Stull

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Miwwelstéck Stull. Fir d'Exkrementer, déi och alt Stull genannt ginn, kuckt wgl. Kot.
E Stull.

E Stull ass e Miwwelstéck, dat gemaach ass, fir datt eng Persoun sech kann drop sëtzen.

E Stull huet e Réckestéck, widder dat ee säi Réck stäipe kann. Wann dat net drun ass, da schwätzt ee vun engem Hocker. Wann e fir méi Leit ass, dann handelt et sech ëm eng Bänk.

E Stull ass aus éischter haardem Material. Wann e gepolstert ass, a Stäipe fir d'Äerm huet, da schwätzt ee vun enger Fotell. Bei engem gepolsterte Sëtzmiwwel fir méi Leit gebraucht een den Ausdrock Kanapee.

E Stull gëtt dacks bei en Dësch gestallt, fir am Sëtze kënnen z'iessen, ze schaffen oder ze schreiwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Still – Biller, Videoen oder Audiodateien