Fracture

Vu Wikipedia
Fracture
Museksgenre elektronsch Musek, Rockmusek
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2003 als Gosplan
2005 als Fracture
Trennung 2012
Memberen Ralph Zeimet
Sébastien Laas (vun 2008 un)
Mike Tock (vun 2009 un)

Fracture war eng lëtzebuergesch Museksgrupp. Ufanks war hir Musek nach am Beräich vun der elektronescher Musek ("Electronica") anzereien, spéider huet si awer méi e rockorientéierte Sound ugeholl.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fracture gouf 2003 ënner dem Numm Gosplan gegrënnt. Den Numm Fracture gouf 2005 ugeholl. Dräi Joer laang hat Fracture mam Ralph Zeimet nëmmen ee Member, bis 2008 de Sébastien Laas an 2009 de Mike Tock derbäikoumen.

Indierock aus den 1980er a Krautrock aus den 1970er Jore, mä och méi rezent Artiste wéi Fennesz, M83 oder Boards of Canada waren e puer vun hire Referenzen.

No enger Rei Concerten a Kollaboratioun mat ënner anerem dem lëtzebuergesche Rockmuseker Raftside, souwéi dem Pol Belardi (TheCARPS'), a sengem Brudder Chris Belardi (Chief Mart's) am Kader vum MusicLab Projet organiséiert vun der Rockhal, huet sech dem Ralph Zeimet säi Sound ëmmer méi zu engem psychedeleschem Elektrorock-Amalgam entwéckelt mat deelweis méi jazzegen Nouten.

Vun Oktober 2006 un war hie Member vum jonke Kollektiv an Netlabel vu Paräis, "Les Enregistrements de l'Europe Parisien" (LEEP Records).[1]

Am Abrëll 2007 huet de Ralph Zeimet de Konscht- a Musekslabel Schnurstrax Records gegrënnt, wou lokal an international Artisten an de Beräicher Graphik, Fotografie, Text a Musek hir Kreatiounen engem grousse Public konnte virstellen.

Den 29. Februar 2012 hu Fracture op hirer Facebooksäit hir Trennung bekannt gemaach.[2]

De Ralph Zeimet, Sebastien Laas a Mike Tock hunn am selwechte Joer awer eng nei Band mam Numm Daily Vacation gegrënnt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 04/2005: Plasma (CDR)
  • 12/2005: Gloss (LP, CJC Records)
  • 10/2006: Greed and Grudge (LP; LEEP Records)
  • 05/2007: Reshape The Skyline (EP, Schnurstrax Records)
  • 07/2007: Bipolarism (LP, Schnurstrax Records, LEEP Records)
  • 03/2008: Radiotrauma (EP, Schnurstrax Records)
  • 04/2009: We Dare You, Wonder (LP, Schnurstrax Records)
  • 07/2009: Live at EXIT07 (Schnurstrax Records)
  • 10/2011: New Tracks 2010-2011 (Digital op Bandcamp)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://leuropeparisien.free.fr
  2. Facebook: "The adventure "Fracture" now officially comes to an end." (29. Februar 2012; gekuckt de 16. Juni 2012)