François-Joseph Maisonnet

Vu Wikipedia
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
François-Joseph Maisonnet
Gebuer 20. September 1791
Gestuerwen 25. Mäerz 1826
Aktivitéit Moler

De François-Joseph Maisonnet, gebuer den 20. September 1791 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 25. Mäerz 1826 zu Iechternach war e lëtzebuergesche Moler. Hie war e Jong vum Pierre Maisonnet an der Marie-Thérèse de Brucq de Château d'Anvers.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De François-Joseph Maisonnet huet seng éischt artistesch Ausbildung an der Famill kritt, ier hien 1811 an d'Course gaangen ass, déi säi Papp am Stater Kolléisch gehalen huet. Méi spéit goung hien op d'Académie Royale op Bréissel wou hien 1821 e Certificat de capacité krut.

Annonce am Luxemburger Wochenblatt (15.09.1821)

Dat selwecht Joer hu sech de Maisonnet an de Fresez op eng fräi Plaz als Professer an der neier Zeecheschoul gemellt. De Fresez gouf net geholl, well e keen Ofschloss vun enger Akademie hat. Ma och de Maisonnet hat keng Chance; zeréck behal fir déi fräi Plaz gouf de belsche Moler E. Bogaert vu Bruges.

Am Oktober 1821 huet de François-Joseph Maisonnet dunn eng privat Zeecheschoul an der Stad opgemaach[1]. Dat selwecht Joer huet hien eng Gravure erausbruecht, déi d'Stad Lëtzebuerg, vum Fetschenhaff aus gekuckt, weist.

Am Mäerz 1825 informéiert de Maisonnet iwwer eng Ausstellung mat Wierker vu senge Schüler am Dënzelt zu Iechternach. Den Erléis deen de 4. a 5. Abrëll duerch de Verkaf vun de Wierker erakomm ass, gouf fir d'Affer vun de groussen Iwwerschwemmunge vun 1825 gespent[2].

De Maisonnet ass de 25. Mäerz 1826 zu Iechternach, am Alter vu 34 Joer, gestuerwen.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • APEA, 1987. Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg. Association des Professeurs d'Education artistique de l'Enseignement secondaire et supérieur (APEA), Impr. St-Paul, Luxembourg, 332 S. (François-Joseph Maisonnet: S. 78.)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: François-Joseph Maisonnet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Annonce am Luxemburger Wochenblatt Nr. 24 vum 15. September 1821, S. 6
  2. Artikel am Luxemburger Wochenblatt Nr. 11 vum 12. Mäerz 1825, S. 2
  3. Eng verwëschten Ënnerschrëft «FM» op der Fresk weist drop hin, datt d'Wierk warscheinlech vum François Maisonnet ass.