François Colling

Vu Wikipedia
François Colling
Gebuer 5. Mäerz 1940
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Famill
Papp Emile Colling

De François Colling, gebuer de 5. Mäerz 1940 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.

Hien huet op der ETH zu Zürich Elektrotechnik studéiert. Vun 1965 bis 1972 huet hien zu Geel am Zentralbüro fir Nuklear Miessunge geschafft, a vun 1972 bis 1995 op der ARBED am Informatiksberäich.

1979 ass hien op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber gewielt ginn, an 1984, 1989 an 1994 erëmgewielt ginn. Tëscht 1984 an 1995 war e President vun der CSV-Chamberfraktioun. Vun 1996 bis 2006 war hie Member vum Europäesche Rechnungshaff.

De François Colling ass de Jong vum Emile Colling.