Fraubillenkreuz

Vu Wikipedia
Vu vir
Vun hannen

D'Fraubillenkreuz ass e Menhir, deen zu engem Kräiz ëmgeschafft ginn ass. E steet um Ferschweiler Plateau an der Äifel, um Bord vum Wee tëscht Ferschweiler, Schankweiler, Nusbaum-Rohrbach a Bollenduerf.

Enger So no huet de Missionnaire Willibrord de Menhir, deen eng 5000 Joer al ass, selwer an eng Kräizform ëmgemeesselt an en sou christianiséiert. Am Stee sinn och, op deenen zwou Säiten, Nische fir Figuren, ronderëm déi Lächer sinn. De Menhir ass haut eng 3,5 Meter héich.

Et ass net kloer, wou den Numm hierkënnt. E kéint vu „Léif-Fra-Bild-Kräiz“ kontraktéiert gi sinn. Enger anerer Theorie no kéim e vum Numm Sybille, wéi Frae genannt goufen, déi d'Zukunft virausgesot hunn. 1617 gouf de Menhir nämlech an der Grenzbeschreiwung vun der Grofschaft Veianen als „Sybillen Creutz“ ernimmt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Johannes Groht: Menhire in Deutschland. Landesamt für Denkmalpflege und Archäologie Sachsen-Anhalt, Halle (Saale) 2013, ISBN 978-3-943904-18-5, S. 339–340.
  • Leonard Palzkill: Sauertal ohne Grenzen. Wanderungen durch die deutsch-luxemburgische Felsenlandschaft. Verbandsgemeinde Irrel, Irrel 2002, ISBN 3-00-008585-8, S. 41: „Fraubillenkreuz“.
  • Walter Pipke, Ida Leinberger: Die Eifel. Geschichte und Kultur des alten Vulkanlandes zwischen Aachen und Trier. 5. aktualisierte Auflage. DuMont, Köln 2006, ISBN 3-7701-3926-7 (DuMont Kunstreiseführer).
  • Pierre Kauthen: Vom 'Fraubillenkreuz' zum Grab des hl. Willibrord. In: Hémecht 2011 (63. Jahrgang), Heft 1, S.5-20.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]