Op den Inhalt sprangen

Frédéric Chopin

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Frederic Chopin)
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Frédéric Chopin
Gebuertsnumm Fryderyk Franciszek Chopin
Gebuer 1. Mäerz 1810
Gestuerwen 17. Oktober 1849
Paräis
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Frankräich, Russescht Keeserräich, Zweet Republik
Aktivitéit Komponist, Pianist, Musekspedagog, Museker, Pedagog
Famill
Liewenspartner(in) George Sand
Geschwëster Emilia Chopin

De Frédéric François Chopin, gebuer den 22. Februar oder den 1. Mäerz 1810 zu Żelazowa Wola bei Warschau als Fryderyk Franciszek Szopen, a gestuerwen de 17. Oktober 1849 zu Paräis, war e polnesche Pianist, Komponist a Pedagog. Hien ass ee vun deenen aflossräichsten a beléiftste Pianoskomponiste vum 19. Joerhonnert a gëllt als bedeitendst Perséinlechkeet an der Musekgeschicht vu Polen.

De Fryderyk Franciszek Chopin ass de Jong vum Nicolas Chopin (1771-1844) an deem senger Fra Justyna Krzyżanowska.

Scho mat 8 Joer huet de Chopin seng éischt Concerten an de Salone vun der Aristokratie vu Warschau ginn.

Seng éischt Kompositioune si vun 1817.

No der Ausbildung bei senger Mamm an duerno beim Joseph Elsner huet de Frédéric Chopin literaturhistoresch Virliesunge besicht. Hien hat scho ganz fréi Kontakt mat bekannte Politiker, Literaten a Museker.

No engem leschte Concert huet de Frédéric Chopin 1830 Pole verlooss an ass no enger Rei vun Tëschestatiounen 1831 zu Paräis ukomm.

De Chopin ass de 17. Oktober 1849 am Alter vun 39 Joer a senger Wunneng bei der Place Vendôme Nr. 12 un Tuberkulos gestuerwen. Hie gouf um Kierfecht Père Lachaise begruewen, mais säin Häerz gouf op säi Wonsch op Warschau bruecht.

Commons: Frédéric Chopin – Biller, Videoen oder Audiodateien