Fridde vu Cateau-Cambrésis

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Fridde vu Cateau-Cambrésis.

De Fridde vu Cateau-Cambrésis gouf am Joer 1559 tëscht Frankräich an England (12. Mäerz an 2. Abrëll) respektiv Frankräich a Spuenien (3. Abrëll) ënnerschriwwen.

Den éischten Traité vu Cateau-Cambrésis tëscht dem Henri II. an der Elisabeth I. gouf an zwou Etappen ënnerschriwwen, den 12. Mäerz an den 2. Abrëll 1559. Den Traité huet Frankräich erlaabt, Calais ze behalen, wat d'Fransousen den 8. Januar 1558 ënner dem François de Guise vun den Englänner zréckeruewert haten. Calais war zanter 1347 (Edward III.) englesch.

Den zweeten Traité vu Cateau-Cambrésis gouf den 3. Abrëll 1559 tëscht dem Henri II. an dem Felipe II. ënnerschriwwen, an huet de Sträit tëscht Habsburger a Valois ëm Italien op en Enn bruecht (Italienesch Kricher).

De Felipe II. konnt seng Territoiren an Italien souwéi säi Besëtz an der Bourgogne behalen. Frankräich huet missen op seng Krichsziler verzichten, an Diddenuewen, Uertschaften zu Lëtzebuerg, Marienburg, Yvoix, Damvillers, Montmédy souwéi Gebidder am Artois an am Charolais u Spuenien zréckginn.

Un d'Herzogtum Savoie huet Frankräich säi Besëtz, besonnesch d'Franche-Comté, de Bugey an d'Bresse missen zréckginn, an de franséische Kinnek huet op all seng Uspréch an Italien verzicht. Frankräich konnt seng Trois-Évêchés, Metz, Toul a Verdun behalen. Ausserdeem huet Frankräich Korsika nees missen u Genua zréckginn. Spuenien war nees Meeschter iwwer Italien, och wa Frankräich fënnef Plazen, dorënner Turin, behale konnt.

Am Traité waren och Hochzäite virgesinn: de Felipe II. (Witmann zanter dem Doud vun der Mary Tudor) mat der Élisabeth, Duechter vum Henri II., an dem Herzog vun der Savoie mat der Schwëster vum Henri II., der Marguerite.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]