Op den Inhalt sprangen

Traité vun Oochen (1748)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fridde vun Oochen (1748))
Europa an de Joren nom Traité vun Oochen (1748) an der Zäit vum siwejärege Krich (1756-1763). Bis 1766 ass et zu kenger gréisserer geographescher Ännerung an Europa komm.

Den Traité vun Oochen oder Fridde vun Ooochen vum 18. Oktober 1748 markéiert d'Enn vum Éisträicheschen Ierffollegkrich an deem Groussbritannien, Éisträich, an Holland an enger Koalitioun géint Frankräich, Preisen, Bayern, Spuenien, Sachsen, Schweden, Neapel, d'Kurpfalz a Kurköln gekämpft hunn.

De Friddenskongress an der fräier Räichsstad Oochen huet vum 24. Abrëll bis den 18. Oktober 1748 gedauert, wou dann de Fridde schlussendlech ënnerschriwwe gouf. Bei de Verhandlunge ware besonnesch d'Fransousen an d'Englänner virbäi, hir Alliéiert hu sech hinnen ugeschloss.

Iwwer den Handelskrich tëscht England a Frankräich a Westindien, Afrika an an Indien gëtt kee Wuert verluer, soudatt dëse Vertrag scho keng Basis fir e Fridden op Dauer konnt bidden. D'Majoritéit vun de Fransouse war vum Traité och net wierklech begeeschtert, well hirer Meenung no ze vill onnéideg Konzessioune gemaach goufen (virun allem d'Eruewerung vu praktesch ganz Holland duerch de Moritz vu Sachsen, Lännereien déi integral nees un Éisträich zeréckgaange sinn). Zu Paräis héiert een déizäit dacks den Aussproch "bête comme la paix".

Ëmmerhi konnt den Traité vun Oochen awer eng gewësse Stabilitéit an Italie bréngen. D'Klausele vum Traité wat d'Lännereien an d'Grenzen an Italie betrëfft, bleiwe bis zu de Koalitiounskricher (1792) bestoen.