Op den Inhalt sprangen

Gëlle Rous

Vu Wikipedia
Déi peepstlech Gëlle Rous, e Geschenk fir déi 400 Joer Muttergottesoktav

D'Gëlle Rous (Latäin: Rosa aurea) ass eng besonnesch peepstlech Auszeechnung fir Herrscher oder kathoulesch a virun allem marianesch Kultplazen ze éieren. D'Rous, aus vergëlltem Sëlwer, ass e Rousentrausch mat sechs Straiss mat Rousebléien, dee vum Poopst geseent ass.

D'Gëlle Rous symboliséiert Jesus Christus: Gold verweist op d'Operstéiung, d'Dären op d'Passioun. Traditionell gëtt d'Gëlle Rous um 4. Faaschtesonnden (la. Laetare) verginn, deen dowéinst och Rousesonndeg genannt gëtt, se kann awer méi spéit am Joer iwwerreecht ginn.

De Poopst Franziskus huet bei senger Visitt de 26. September 2024 der Tréischterin eng Gëlle Rous geschenkt, dëst zu Éiere vun de 400 Joer Wallfaart bei d'Patréinesch vu Lëtzebuerg.

Zu Lëtzebuerg hat d'Groussherzogin Charlotte den 23. Oktober 1956 eng Gëlle Rous vum Poopst Pius XII. geschenkt kritt fir hir Verdéngschter wärend dem Zweete Weltkrich. Den apostouleschen Nuntius Efrem Forni huet der Groussherzogin dës Rous an der Kathedral iwwerreecht.[1]

Commons: Gëlle Rous – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Im Rahmen einer unvergesslichen Feier fand gestern in der Kathedrale zu Luxemburg die Ueberreichung der Goldenen Rose an unsere Grossherzogin statt.. Luxemburger Wort (24.10.1956). Gekuckt de(n) 12.12.2024.