Charlotte vu Lëtzebuerg
Charlotte vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Charlotte vu Lëtzebuerg | |
Titelen | |
Groussherzogin vu Lëtzebuerg | |
Zäit | 1919 bis 1964 |
Virgänger | Marie-Adélaïde |
Nofollger | Jean |
Biographie | |
Gebuer |
23. Januar 1896 Schlass Bierg |
Gestuerwen |
9. Juli 1985 Schlass Fëschbech |
Bestuet mat | Felix vu Bourbon-Parma |
Papp | Wëllem IV. vu Lëtzebuerg |
Mamm | Maria Ana vu Bragança |
Geschwëster | Antonia vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Sophie vu Lëtzebuerg |
Kanner | Jean vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Charles vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg |
D'Charlotte Adelgonde Elisabeth Marie Wilhelmine vu Lëtzebuerg, gebuer den 23. Januar 1896 op Schlass Bierg, a gestuerwen den 9. Juli 1985 op Schlass Fëschbech, war vun 1919 bis 1964 Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Charlotte war dat zweeteelst vun de sechs Meedercher vum Groussherzog Wëllem IV. (1852–1912) an der Infantin Maria Ana vu Bragança (1861–1942).
Nodeem hir eeler Schwëster, d'Groussherzogin Marie-Adélaïde, den 9. Januar 1919 huet missen ofdanken, ass d'Charlotte vu Lëtzebuerg de 15. Januar 1919 Grande-Duchesse ginn an huet den 18. Januar den Eed op d'Lëtzebuerger Constitutioun geleescht. De Referendum vum 28. September 1919 huet d'konstitutionell Ierfmonarchie ënner der Groussherzogin Charlotte mat 77,8 % confirméiert.
De 6. November 1919 huet si hire Koseng, de Prënz Felix vu Bourbon-Parma bestuet. D'Koppel krut 6 Kanner.
Den 10. Mee 1940, beim Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg, ass d'Charlotte mat hirer Famill (a 4 Membere vun der Regierung) iwwer Frankräich, Spuenien, Portugal[1] an d'Vereenegt Staaten an den Exil op Montreal[2], Kanada, an op London gaangen. Tëscht 1940 an 1944 huet d'Groussherzogin Charlotte reegelméisseg iwwer d'Radiosémissioune vun der BBC de Lëtzebuerger Mutt zougeschwat, a gouf doduerch zu engem Symbol fir d'Fräiheet an d'Onofhängegkeet vum Land. An der Zäit vum Zweete Weltkrich ass si op sougenannte Good Will Tours duerch d'Vereenegt Staate gaangen, fir op d'Situatioun vu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen. De 25. August 1942 gouf se mat hirer Famill vum US-President Roosevelt empfaangen.
De 14. Abrëll 1945 ass d'Grande-Duchesse aus dem Exil hannescht op Lëtzebuerg komm. Déi Méint duerno huet si déi Stied an Dierfer besicht, déi an der Ardennenoffensiv zerstéiert goufen.
Si krut den 8. Juli 1956 "d'Gëlle Rous", déi gréisst Auszeechnung déi de Vatikanstad ze verginn huet.
Den 12. November 1964 huet d'Groussherzogin Charlotte, no 45 Joer un der Spëtzt vum Land, zu Gonschte vun hirem Jong Jean op den Troun verzicht.
Si ass den 9. Juli 1985 mat 89 Joer op Schlass Fëschbech gestuerwen a gouf an der Krypta vun der Kathedral begruewen.
Kanner
[änneren | Quelltext änneren]Mat hirem Mann, dem Prënz Felix vu Bourbon-Parma, hat si 6 Kanner:
- Jean (gebuer de 5. Januar 1921; gestuerwen den 23. Abrëll 2019)
- Élisabeth (gebuer den 22. Dezember 1922; gestuerwen den 22. November 2011)
- Marie-Adélaïde (gebuer den 21. Mee 1924 am Schlass Bierg; gestuerwen den 28. Februar 2007 am Schlass Wolfsberg Kärnten an Éisträich)
- Marie-Gabrielle (gebuer den 2. August 1925; gestuerwen den 9. Februar 2023),
- Charles (gebuer de 7. August 1927; gestuerwen de 26. Juli 1977),
- Alix (gebuer de 24. August 1929; gestuerwen den 11. Februar 2019).
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand-Cordon vum Ordre de Léopold (Promotioun 1922)[3]
- Grand-Croix vun der Légion d'honneur (Promotioun 1923)[4],[5]
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Zu Éiere vun der Groussherzogin Charlotte goufen den 29. Abrëll 1990 eng Bronze-Statu op der Clairefontaine-Plaz an der Stad an 1995 e Monument am Park vum Ierpeldenger Schlass ageweit.
Do dernieft goufen eng Partie Strukturen zu Lëtzebuerg no hir genannt:
- Allée Grande-Duchesse Charlotte zu Colmer-Bierg,
- Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu Diddeleng a Munneref,
- Boulevard Grande-Duchesse Charlotte zu Esch-Uelzecht, Ettelbréck an an der Stad,
- Place Grande-Duchesse Charlotte Rëmeleng, Schëffleng a Stroossen,
- Pont Grande-Duchesse Charlotte („Rout Bréck“) an der Stad,
- Rue Grande-Duchesse Charlotte zu Bieles, Ierpeldeng, Fëschbech, Gonnereng, Miersch, Schuller, Walfer a Wolz.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Haag, Emil, 2011. La Grande-Duchesse Charlotte *1896 †1985: un destin exceptionnel, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 362-375.
- Linden, André, 2002. “Léif Lëtzebuerger,… dir dohém a mir hei baussen… the radio speeches of Great-Duchess Charlotte in exile.” In...ët wor alles net esou einfach. Questions sur le Luxembourg et la Deuxième Guerre mondiale, Luxembourg.
- Margue, Paul, 2008. Grande-Duchesse Charlotte. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 121-126. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
- Martin Gerges, Koord., 1990. Monument Grande-Duchesse Charlotte. Erausgi vun der Regierungskommissioun fir d'Monument. Imprimerie centrale, 104 S.
- Anonyme: D'Grande-Duchesse Charlotte. Datumen aus Hirem Liewen. S. 9-13.
- Emile Thoma: Charlotte Grande-Duchesse de Luxembourg 1896-1985. Bio-bibliographie de la vie et de l'oeuvre d'une Grande Dame. S. 97-103. (Dësen Artikel gëtt eng Lëscht mat iwwer 80 Publikatiounen iwwer d'Liewen an d'Wierke vun der Groussherzogin Charlotte).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Charlotte vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Marie Adélaïde |
Groussherzogin vu Lëtzebuerg 1919 - 1964 |
Nofollger: Jean |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Virtuellen Ausstellungskatalog vun der Ausstellung "Exposition Portugal et Luxembourg, pays d'espoir en temps de détresse"
- ↑ (fr)Philippe Bernier Arcand, L'exil québécois du gouvernement du Luxembourg. Histoire Québec 19–26 (2010). Gekuckt de(n) 04.05.2023.
- ↑ (fr)La Grande-Duchesse de Luxembourg reçoit le Grand Cordon de l'Ordre de Léopold. L'Indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (14. Mäerz 1922). Gekuckt de(n) 2023-08-01.
- ↑ (de)Lokales. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (25. Juni 1923). Gekuckt de(n) 25.07.2023.
- ↑ (fr)Chronique locale - Distinction. L'Indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (25. Juni 1923). Gekuckt de(n) 25.07.2023.