Gënzestrooss
offiziellen Numm | Route du genêt |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Gënzestrooss |
vu(n) | Ettelbréck |
op | Wolz |
Längt | 28 km |
Land |
![]() |
D'Gënzesstrooss (lokal Geenzestrooss, offiziell Route du genêt) ass d'Strooss vun Ettelbréck bis an d'Gënzestad Wolz.
Laf vun der Strooss[änneren | Quelltext änneren]
Vun Ettelbréck geet d'Gënzestrooss iwwer d'N15 duerch Feelen an Heischent bis an den Heischterbierg. Vun do u leeft s'iwwer d'gemeinsam Streck vun der N12 / N15 duerch den Heischtergronn, laanscht d'Schlirbech an den Tunnel Këtschleedschesbierg bis op Bidscht. Iwwer d'N12 leeft se laanscht Rulljen op Wolz. Se huet eng Längt vun ca. 28 km.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Nodeems 1949 dat éischt Gënzefest gefeiert gouf, ass d'Gënzestrooss den 2. Juni 1979 ageweit ginn. Se soll un de Gënz erënneren, deen iwwerall op den Éisleker Häng bléid.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gënzestrooss – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- Quell vum Artikel: „Geenzestrooss: Route du Genêt“ op www.wiltz.lu, gekuckt den 9. September 2019