Gare de l'Est (Paräis)
Gare de l'Est | ||
---|---|---|
Erëffnung: | 5. Juli 1849 | |
Arrondissement: | 10. | |
Passagéier all Joer: | 34 Milliounen | |
Catenaire: | 25kV 50Hz | |
Destinatiounen: | Ostfrankräich, Lëtzebuerg Süddäitschland, Schwäiz. | |
Eisebunnsstrecken: | Paräis-Mulhouse Paräis-Stroossbuerg |
D'Gare de l'Est vu Paräis ass eng vu 7 Haaptgare vun der franséischer Haaptstad. Si gouf de 5. Juli 1849 ageweit a war zanterhier den Ausgangspunkt vun Zich a Richtung Ost-Frankräich a Mëtteleuropa.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gare de l'Est gouf vun der Compagnie de Paris à Strasbourg no Pläng vum Architekt François Duquesney opgeriicht an hat am Ufank den Numm Embarcardère de Strasbourg. 1854 kruet se hiren haitegen Numm, nodeem d'Compagnie de l'Est d'Gestioun iwwerholl hat an de Reseau iwwer Stroossbuerg op Mulhouse verlängert gouf.
1885, 1900 (Vergréisserung vu 5 op 16 Gleiser)[1] an tëscht 1924 an 1931 gouf s'op hiren haitege Volume ausgebaut. Vun der éischter Gare ass haut nach just déi lénks Entrée erhalen, an och nach net am Original. Se gouf bei der Vergréisserung vun 1924-1931 ënner der Leedung vum Albert Descubes ewechgerappt, an duerno nees d'selwecht opgriicht.[2]
Vum 4. Oktober 1883 un ass den Orient-Express vun der Gare fortgefuer.
Uschlëss
[änneren | Quelltext änneren]- SNCF
- Paräisser Metro
Destinatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare de l'Est – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Gare de l'Est op der Websäit vun der SNCF
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Ecole nationale des ponts et chaussées, 4°27728
- ↑ Les plus belles Gares de France, Edition du club de France Loisirs, Säit 50