Gau

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Gau ass eng Ënnerdeelung bannent engem Land, dacks eng Provënz. Dësen däitsche Begrëff gouf virun allem am Mëttelalter gebraucht, a spéider vum Nazi-Regime fir seng Zwecker instrumentaliséiert.

Gauen am Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Gauandeelung 1941 mat Lëtzebuerg am Gau Moselland

Bei de Germane war e Gau eng politesch Siidlungsgemeinschaft déi landschaftlech zesummengehaangen huet a vun natierleche Grenze bestëmmt gouf, déi awer nach keng Verwaltungsandeelung vum Räich war.

Am Fränkesche war e Gau dunn e politesch-geographeschen Deel vun engem Vollek, bal sou wéi e Pagus am Laténgeschen oder e Shire am Engleschen. Am Karolengerräich am 9. an 10. Joerhonnert war et eng administrativ Ënnerdeelung, déi spéider dacks eng Grofschaft gouf. E Grof war ugaangs just e genannte Gouverneur, mä deen Titel ass lues a lues ierflech ginn an de Grof gouf e Vasall.

Gauen ënner dem Nazi-Regime[änneren | Quelltext änneren]

D'NSDAP huet Däitschland fir d'éischt an 33 an duerno an 43 Bezierker opgedeelt, déi Gaue genannt goufen.

D'Gauen hunn de Reichstag-Walkreesser entsprach.

Wéi Lëtzebuerg mat an d'Däitscht Räich sollt agebonne ginn, gouf aus dem Gau Koblenz-Trier de Gau Moselland. Gauleiter vum Gau Moselland war de Gustav Simon.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]