Gebuertsakt

Vu Wikipedia
Gebuertsakt vum Pierre Dupong (1885) aus der Gemeng Steesel

E Gebuertsakt ass en offiziellt Dokument, mat deem d'Gebuert vun enger Persoun confirméiert gëtt. Dacks gëtt eng Kopie vun dësem Akt bei verschiddenen administrativen Demarche gebraucht, sou z. B. wann ee sech bestueden oder pacse wëll, fir d'Kannergeld oder Wunnsubsiden unzefroen, asw.

Wann e fir an d'Ausland gebraucht gëtt, gëtt en internationale Gebuertsakt ausgestallt, wou eng Iwwersetzung vun den eenzelen Donnéeën derbäi steet.

D'Kand op der Gemeng umellen[änneren | Quelltext änneren]

All Gebuert muss bannent 5 Deeg um État civil vun där Gemeng deklaréiert ginn an där d'Kand op d'Welt koum. D'Gebuert muss entweeder vum Papp, vun der Mamm, vun der Hiewan oder enger anerer Persoun, déi bei der Gebuert dobäi war, deklaréiert ginn. Fir d'Deklaratioun muss een e Certificat vum Dokter oder der Hiewan derbäi hunn.

Wann d'Kand an enger anerer Gemeng op d'Welt koum wéi déi an där et wunnt, muss et och op der Gemeng vu sengem Wunnuert an den Awunnerregëster ageschriwwe ginn.

D'Donnéeën um Gebuertsakt[änneren | Quelltext änneren]

Um Gebuertsakt stinn haaptsächlech dës Donnéeën[1]:

  • den Dag, d'Auerzäit an d'Uertschaft vun der Gebuert
  • d'Geschlecht vum Kand
  • De Virnumm (oder d'Virnimm) an de Familljennumm vum Kand
  • De Vir- a Familljennumm, d'Geschlecht an d'Adresse vun den Elteren, hire Gebuertsdatum an -uert, souwäit et gewosst ass
  • De Vir- a Familljennumm vun där Persoun, déi d'Gebuert deklaréiert
  • Notizen um Bord vum Akt (z. B. Bestietnes, Scheedung, Adoptioun, Ännerung vum Numm)
  • Ënnerschrëfte vun de Leit, déi bei der Erstellung vum Akt dobäi waren

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gebuertsakt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Code civil, Livre Ier, Titre II - Des actes de l'Etat civil (Art. 34 à 101)