Geir Haarde

Vu Wikipedia
Geir Haarde
Gebuer 8. Abrëll 1951
Reykjavík
Nationalitéit Island
Educatioun Johns Hopkins University,
University of Minnesota,
Paul H. Nitze School of Advanced International Studies
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Diplomat

De Geir Hilmar Haarde (ˈceɪ:r ˈhɪlmar ˈhɔrtɛ), gebuer den 8. Abrëll 1951 zu Reykjavík, ass en islännesche Politiker (Onofhängegkeetspartei). Hie war tëscht 2006 an 2009 Premierminister vun Island.

De Geir Hilmar Haarde huet an den USA Ekonomie studéiert. Duerno huet en als Assistent vum Finanzminister an als Manager bei der islännescher Zentralbank geschafft.

Hien ass zanter 1987 Deputéierten am Alþing a war vun Abrëll 1998 bis September 2005 Finanzminister, a vun do bis Juni 2006 Ausseminister. Am Oktober 2005 gouf hie President vu senger Partei.

Am September 2006 gouf hien zum Premierminister ernannt. Bei de Parlamentswalen am Mee 2007 krut seng Partei déi meescht Stëmmen, an hie blouf Premier an enger Koalitiounsregierung mat der Allianz.

D'Finanzkris 2007/2008 huet Island a massiv finanziell Schwieregkeete bruecht. Den Drock op de Geir Haarde gouf ëmmer méi grouss, et koum zu Manifestatioune bei deene säi Récktrëtt gefuerdert gouf. Den 23. Januar 2009 huet hien dann och säi Récktrëtt an Neiwalen am Mee 2009 ugekënnegt. Nofollgerin gouf d'Jóhanna Sigurðardóttir.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geir Haarde – Biller, Videoen oder Audiodateien