Gekacht Ee

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gekachtent Ee)
Véier-, Siwen- an Néngminuttenee (vu lénks no riets)

E gekacht Ee ass en Ee (meeschtens en Héngeree) dat mat intakter Schuel a kache Waasser gekacht gouf. En haart gekacht Ee gëtt sou laang gekacht bis datt souwuel dat Wäisst vum Ee wéi och den Dueder eng fest Konsistenz hunn, oder et gëtt am waarme Waasser gelooss bis et ofgekillt ass an op déi Aart a Weis fest gëtt, wärend bei engem lues gekachten Ee oder luesen Ee oder schnuddelegem Ee oder Zappee den Dueder an heiansdo och dat Wäisst, oder op d'mannst en Deel dovu flësseg bleift. En Ee, dat ouni seng Schuel gekacht gëtt, ass pochéiert.

Gekachten Eeër sinn a ville Regiounen op der Welt e beléifte Plat beim Moiesiessen. Fir se ze kache kënne speziell Instrumenter benotzt ginn, wéi z. B. den Eeërkacher.

Variatiounen[änneren | Quelltext änneren]

En duerchgeschniddent haart gekacht Ee

Well gekacht Eeër sou wäitleefeg beléift sinn, gëtt et och grouss Variatioune beim Kachen. Wat d'Ausgangstemperatur vum Ee virum Kachen ugeet, kann et eng gewëssen Zäit virdrun aus dem Frigo geholl gi fir et op Zëmmertemperatur ze bréngen (an et sou méi gläichméisseg ze kachen an d'Räisse vun der Schuel ze verhënneren) oder direkt aus dem Frigo kommen. Heiansdo gëtt d'Ee virum Kache mat enger klenger Nol gepickt, fir d'Loft erauszeloossen an d'Räisse vun der Schuel z'evitéieren. Dat ass awer ëmstridden; wärend verschidde Quelle behaapten, dat wier ze recommandéieren, roden aner Quellen dovun of. D'amerikanesch Eeërlobby vum American Egg Board seet zum Beispill, datt duerch d'Picke vum Ee virum Kache mat enger net-steriler Nol Bakteerien an d'Ee kéinte geroden. D'Picke géif och ganz kleng Rëss an der Schuel provozéieren, duerch déi Bakteerien nom Kache geneesou kéinten an d'Ee kommen.[1]

E lues gekacht Ee

Et gëtt verschidde Methoden, d'Ee an d'kache Waasser ze leeën an erëm erauszehuelen. Et kann een d'Ee an d'Dëppe leeën, éier d'Waasser ze waarm ass, et mat engem Läffel dra leeën oder e speziellt Geschier dofir benotzen.[2] De Virdeel vu sou engem Geschier ass, datt d'Ee manner séier brécht, well et net um Buedem vum Dëppe läit an net rondrëm ka rullen. Fir d'Ee aus dem Waasser ze huele kann ee waarde bis d'Waasser ofgekillt ass, d'kache Waasser ofschëdden oder einfach dat spezifescht Geschier aus dem Waasser huelen.

Kachzäit[änneren | Quelltext änneren]

D'Kachzäit fir lues gekachten Eeër geet bis zu ronn fënnef Minutten; haart gekachten Eeër brauchen tëscht 10 an 20 Minutten, ofhängeg vun der Gréisst vum Ee a vun der Héicht (well d'Waasser mat der Héicht méi séier kacht an duerno net méi waarm gëtt, muss een d'Ee méi laang kache wann een a groussen Héichten ass).[3]

Eng Alternative zum Kachen ass et, d'Ee waarmem Waasserdamp auszesetzen. Mat där Method dauert et ongeféier 6 Minutte bis d'Ee lues gekacht ass an ëm déi 8-10 Minutte bis et haart gekacht ass. Verschidde Quelle behaapten, mat där Method wier et och méi einfach fir d'Ee herno ze schielen.[4],[5] An der Mikrowell solle réi Eeër net gekacht ginn well se duerch dat ze séiert Ophëtzen explodéieren.[6]

Wann d'Eeër aus dem waarme Waasser geholl ginn, kacht d'Eegiel wéinst der Reschthëtzt nach eng kuerz Zäit weider. Fir den Ofkillprozess méi séier ze maachen, gëtt d'Ee heiansdo kaler Loft oder kalem Waasser ausgesat. Wann d'Ee awer net a kuerzer Zäit nom Kache giess gëtt, ass et besser et net mat kalem Waasser ofzeschrecke well doduerch d'Schutzschicht vum Ee zerstéiert gëtt a Bakteerien a Keimer kënnen an d'Ee geroden, soudatt et schonn no e puer Deeg net méi z'iessen ass.[7]

En Eeërschneider ass e Geschier mat deem een haart gekachten Eeër kann a Scheiwe schneiden

Wann haart gekachten Eeër ze laang oder op ze héijer Temperatur gekacht ginn, kann d'Eegiel sech gréngelzeg verfierwen. Dat ass eng Reaktioun tëscht dem Eisen am Eegiel an dem Schwiefel am Eewäiss, déi awer keen Zeechen dofir ass, datt d'Ee net méi gutt wier. Gekachten Eeër hale sech ronn dräi Wochen.[8]

D'Zerwéieren[änneren | Quelltext änneren]

Haart gekacht Eeër kënne sou zerwéiert ginn, wéi s'aus dem Dëppe kommen, an engem Eeërbecher, engem Teller mat enger klenger Déift (speziell fir gefëllt Eeër), an der Schuel an op engem Enn vun engem Messer oder engem Läffel opgeschnidden oder opgeschloen, oder geschielt. Heibäi gëllt, datt al haart gekachten Eeër sech besser schiele loossen, well bei alen Eeër déi dënn Haut déi dat Kloert vum Ee vun der Schuel trennt net méi sou staark vum Eewäiss gebonne gëtt.[9] Haart gekachten a geschielt Eeër kënne mat engem Messer oder awer och mat engem Eeërschneider a Stécker gedeelt ginn.

Lues gekachten Eeër gi generell an engem Eeërbecher zerwéiert, an d'iewescht Enn vum Ee gëtt mat engem Messer opgeschnidden oder mat engem Läffel opgeklappt. Dacks gi lues gekachten Eeër mat a Sträife geschniddene Stécker Brout oder Toast giess, déi an dat leefegt Eegiel gezappt ginn. Persounen, déi ufälleg fir Salmonelle sinn (zum Beispill ganz kleng Kanner, eeler Leit oder Persoune mat engem geschwächten Immunsystem), solle keng lues gekachten Eeër iessen.

A Südostasien, dorënner a Malaysien, gi lues gekachten Eeër traditionell net an engem Eeërbecher zerwéiert, mä an enger Schossel opgemaach a mat Sojazooss a Kaya-Toast giess. Bei där Aart ass och d'Eewäiss net ganz fest, a si ginn dofir och nach "hallef gekachten Eeër" genannt.[10] [11]

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Eng besonnesch Aart vu gekachtem Ee as de Balut, deen a Südostasien giess gëtt. Et handelt sech em e befrucht Ee mat engem Embryo, dat haart gekacht ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gekacht Eeër – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. incredibleegg.org (eng Säit vum American Egg Board): Cooking Eggs - Egg Safety (Gekuckt den 8. Juli 2013)
  2. Ee Beispill vu sou engem Geschier
  3. zdf.de: Eierkochen auf dem Mount Everest (17. Juni 2012; gekuckt den 8. Juli 2013)
  4. chowhound.chow.com: Steam, don't boil those hard cooked eggs (gekuckt den 8. Juli 2013)
  5. kokoscornerblog.com: Easily peel hard boiled eggs, guaranteed (8. Abrëll 2011; gekuckt den 8. Juli 2013)
  6. wissenschaft-im-dialog.de: Warum explodieren rohe Eier in der Mikrowelle? (gekuckt den 8. Juli 2013)
  7. t-online.de: Zehn Fakten rund ums Frühstücksei (12. Abrëll 2012; gekuckt den 8. Juli 2013)
  8. t-online.de: Eier: Darum wird das Eigelb grün (5. Abrëll 2012; gekuckt den 8. Juli 2013)
  9. welt.de: Warum sich manches Ei schwer pellen lässt (8. Abrëll 2012; gekuckt den 8. Juli 2013)
  10. januaryjoy.blogspot.com: How to make the perfect soft-boiled/half-boiled egg (Malaysian kopitiam style) (10. Oktober 2010; gekuckt den 2. Abrëll 2013)
  11. mykitchenfromscratch.wordpress.com: The Perfect Half Boiled Eggs (6. Abrëll 2010; gekuckt den 2. Abrëll 2013)