George III. vum Vereenegte Kinnekräich

Vu Wikipedia
George III. vum Vereenegte Kinnekräich
Gebuer 24. Mee 1738 jul.
Gestuerwen 29. Januar 1820
Windsor Schlass
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Konschtsammler, Mäzen, Herrscher, Politiker, Aristokrat, Monarch
Member vun Royal Society

Den George William Frederick, gebuer de 24. Meejul./ 4. Juni 1738greg. zu London, a gestuerwen den 29. Januar 1820 um Windsor Castle, war vu 1760 bis 1801 Kinnek vu Groussbritannien a Kinnek vun Irland, dono bis zu sengen Doud Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich Groussbritannien an Irland. Hie war ausserdeem, am Hellege Réimesche Räich, als Georg Wilhelm Friedrich, Kurfürst vu Braunschweig-Lüneburg, dat beim Wiener Kongress, 1814, Kinnekräich Hannover gouf.

Hie war den drëtte brittesche Monarch aus dem Haus Hannover, ma deen éischten, deen a Groussbritannie gebuer gouf, an deen Englesch als Mammesprooch hat.

A seng Regierungszäit, déi bis dohi längst vun engem brittesche Monarch, falen de Gewënn vun de franséische Kolonien a Kanada an an Indien (1763), mee och de Verloscht vum gréissten Deel vun den nordamerikanesche Kolonien am Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich (1775–1783), d'Koalitiounskricher géint Frankräich (1795-1815), déi mat der Néierlag vum Napoleon an der Schluecht vu Waterloo op en Enn goungen, an den Ausbau vun der brittescher Dominanz op de Weltmierer.

Déi zweet Hallschecht vu senger Herrschaft war hien ëmmer méi vun enger psychescher Krankheet geplot, soudatt vun 1811 u säin eelste Jong George d'Régence iwwerholl huet.

Zesumme mat senger Fra, der Sophie Charlotte vu Mecklenburg-Strelitz (1744-1818), hat hie 15 Kanner.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: George III of the United Kingdom – Biller, Videoen oder Audiodateien