Geschicht vun der Eisebunn

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E Grouwenhond an "De re metallica" vum Georg Agricola

D'Geschicht vun der Eisebunn, also engem Transportmëttel, mat deem Waggonen vun enger Lokomotiv op Schinne gezu gëtt, fänkt a Groussbritannien géint d'Enn vum 18. an den Ufank vum 19. Joerhonnert un, an evoluéiert dann iwwer Joerzéngten éier se sech vun den 1840er Joren u wäitleefeg verbreet an entwéckelt huet.

Virleefer vun der Eisebunn waren Transportsystemer am Biergbau mat Waggonen déi op hëlzen Dunne gelaf sinn. An de Miniere war et sou datt wann den Ofbau sech verréckelt huet, den Transportsystem huet misse matréckelen. Grouwebunnen hunn deenen Ufuerderunge missen nokommen a si goufe permanent ëmgebaut a vergréissert. Déi Erfarungen déi dobäi gesammelt goufe sinn ëmmer fir Verbesserungen ausgenotzt ginn, sou datt an deem Beräich de System mat de Schinne sech konnt iwwer Joerhonnerte verbesseren. Fir d'éischt si s'am Joer 1519 a 1556 vum Georg Agricola beschriwwe ginn.

An England gëtt The Whickham Grand Lease Way vu 1620 als éischt historesch beluechte Bunn opgefouert.[Source?]

D'Ween vun dëse Bunne goufe sief et vun Déieren oder vu Mënsche gezunn oder gedréckt.

Europa[änneren | Quelltext änneren]

Land Gréisst
(a km, Ufank 1885)
Däitschland 39.141
England 30.358
Frankräich 29.607
Russland 25.241
Éisträich-Ungarn 21.786
Italien 9.666
Spuenien 8.387
Schweden 6.600
Belsch 4.366
Schwäiz 2.960
Holland 2.189
Dänemark 1.886
Tierkei 1.656
Norwegen 1.562
Portugal 1.527
Rumänien 1.458
Finnland 1.324
Serbien 245
Griicheland 175
Europa 190.134

Belsch[änneren | Quelltext änneren]

No England war d'Belsch dat zweet europäescht Land, dat eng Eisebunnslin opgemaach huet wou mat Damplokomotive gefuer gouf. D'Belsch huet sech domat nach méi staark wéi England fir eng Instrialiséierung mat Kuelen a Stol staark gemaach. Gënschteg war och do derbäi déi héich Bevëlkerungsdicht an der Belsch. Déi éischt Eisebunnslinn an der Belsch gouf de 15. Mäerz 1835 tëscht Bréissel a Mechelen opgemaach. D'Belsch war och dat éischt Land dat der Eisebunn vu staatlecher Säit weidergehollef huet. D'Belsch huet och haut nach dat Eisebunnsnetz mat der gréisster Flächendeckung.

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

De 26. Februar 1823 kruten de Louis-Antoine Beaunier an de Louis de Gallois a Frankräich, mat enger Ordonnanz vum Kinnek Louis XVIII. déi éischt Konzessioun fir eng Eisebunn an zwar fir déi 23 km laang Streck Saint-Étienne - Andrézieux am Massif Central, déi den 30. Juni 1827 a Betrib goung. Et war eng Päerdsbunn déi d'selwecht wéi déi englesch an Normalspur gebaut war an et war eng Transportstreck fir Kuelegrouwen.

1830 koume fir d'éischt zwou vum Marc Seguin gebaut Damplokomotiven an den Asaz déi awer nëmmen dem Päerdsbetrib gehollef hunn. 1832 gouf d'Streck bis op Lyon vergréissert an zwar zweegleiseg.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg