Giganten

Vu Wikipedia
Statu vun engem Gigant am Schlass vu Versailles

D'Giganten (gr. gigantes oder gegeneis: déi Erdgebueren) waren an der griichescher Mythologie d'Kanner vun der Gaia an dem Uranos. Se si grad sou wéi d'Erinyen an d'Eschenymphen aus de Bluttdrëpsen entstanen, déi op d'Äerd gefall sinn, wéi de Kronos säi Papp Uranos entmannt huet. Dem Hesiod no ware si "blénkeg an hiren eisene Panzeren" an hu laang Speere gedroen. Si hu mënschlech ausgesinn, hir Been sinn awer zu de Féiss hin an e Schlaangekierper iwwergaangen.

An der Gigantomachie hu si géint déi Olympesch Gëtter gekämpft a sinn dobäi vun hirer Mamm Gaia an den Hekatoncheires ënnerstëtzt ginn. Den Olympier war virausgesot ginn si kéinten nëmme gewannen duerch d'Hëllef vun engem Stierflechen (virun allem well d'Giganten net vu Gëtter kënnen ëmbruecht ginn). Dës Hëllef ass den Olympesche Gëtter duerch den Herakles an den Dionysos komm, déi allebéid dem Zeus seng Jonge waren, mä eng stierflech Mamm haten. Besonnesch den Herakles huet bedeitend zur Victoire iwwer d'Gigante bäigedroen.

E Wonnerkraut dat d'Gaia wuesse gelooss huet sollt de Gigante géint d'Gëtter hëllefen; mä wéi den Zeus dovun erfuer huet, huet en de Kanner vun den Titanen Hyperion an Theia, der Eos, d'Selene an dem Helios, verbuet ze liichte bis hien d'Kraut selwer fonnt hätt.

Zu de Gigante gehéieren ënner anerem:

  • Agrios
  • Alkyoneus
  • Alpos
  • Clytios
  • Enceladus (Gigant)
  • Eurymedon
  • Eurytos
  • Hoplodamos
  • Mimas
  • Porphyrion
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gigantes – Biller, Videoen oder Audiodateien