Gigantomachie

Vu Wikipedia
Eng ferm Kläpperei, duergestallt vum spuenesche Kënschtler J.M. Félix Magdalena

D'Gigantomachie ass an der griichescher Mythologie de Kampf tëscht de Giganten an de Gëtter.

Legend[änneren | Quelltext änneren]

Der Legend no sinn d'Risen entstanen, wéi Blutt vum Uranos senge Genitalien, déi de Kronos opgeschnidden hat, op d'Gaia gefall ass. Déi riseg Monsteren haten e Baart an Hoer aus Schlaangen an hire Schwanz war en Draach. D'Gaia huet d'Risen dozou bruecht d'Gëtter unzegräife fir sech ze rächen. D'Risen hunn du Steng a Beem op d'Gëtter geheit. D'Risen hunn dunn d'ganzt Ëmfeld geännert. Si hunn d'Flëss nei gezeechent a Bierger verklengert. Follgend Gëtter hu sech fir de Kampf preparéiert: den Zeus, de Poseidon, den Ares, den Hephaistos, den Hermes, den Apollo, den Dionysos, d'Hera, d'Aphrodite, d'Artemis, d'Hekate, d'Athena an nach vill anerer. De Kampf war grausam, well d'Rise wëll a ganz staark waren. Dunn hunn d'Gëtter eng Profezeiung héieren, datt si d'Hëllef vun engem Mënsch unhuele missten, fir dëse Krich ze gewannen. Dëse Mënsch war den Herakles. D'Risen hunn ëmmer méi Leit verluer an du wollt d'Gaia si mat engem Wonnerkraut retten, dat si wuesse gelooss huet. Wéi den Zeus dat héieren huet, huet hie sech och op d'Sich vun där Planz gemaach a wéi hie se fonnt hat, huet hie se zerstéiert. Well si net méi duerch déi Planz ze rette waren, hu si och de Kampf verluer.

Deitung[änneren | Quelltext änneren]

Déi do Legend ass warscheinlech entstanen, well Griicheland sech vill geologesch geännert huet. Nei Flëss, nei Bierger, eng nei Landschaft déi d'Mënsche sech erkläre wollten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gigantomachie – Biller, Videoen oder Audiodateien