Gileppetalspär
Land | Belsch |
---|---|
Plaz | Jalhay / Baelen |
Zoulaf |
Gileppe mat hiren Niewebaachen: R. de Lientrée Gelonru oder R. de la Roche Picot Noir Ru R. du Trou Malbrouk Louba |
Koordinaten |
50° 35’ 20’’ N 05° 58’ 27’’ O |
Datum vum Bau |
Februar 1867 bis 1. November 1875 |
A Betrib geholl | 9. Mee 1875 |
Zweck |
Héichwaasserregléierung Drénkwaasserproduktioun |
Typ | Gewiichtstaumauer |
Héicht (iwwer Thalweg) | 68,00 m |
Héicht (iwwer Waasserniveau) | 5,00 m |
Längt | 365,00 m |
Breet op der Kroun | 19,00 m |
Breet op der Basis | 235,00 m |
Baseng | |
Héicht | 302,00 m |
Fläch | 130 ha |
Waasservolumen | 26,4 Mio m³ |
D'Gileppetalspär ass e Staudamm um Bord vum Héije Venn an de belsche Gemenge Jalhay a Baelen an der Provënz Léck.
D'Staumauer ass eng Gewiichtsstaumauer an et ass déi eelst vun deem Typ an Europa. De Séi huet eng Fläch vu ronn 130 ha, an e Faassungsverméige vu 26,4 Millioune m³. D'Waasser aus dem Séi gëtt fir Drénkwaasser benotzt, an all Dag gi 75.000 m³ an d'Leitunge gepompelt. Dat kënnt an de Leitungssystem iwwer zwéi Waasserschächt déi ronn 76 Meter héich sinn. All Schacht huet 4 Waasserlächer déi op verschidden Niveaue verdeelt sinn.
De Séi gëtt vun der Gileppe an hiren Nieweflëss Louba, Noir Ru, Gelonru a Ruisseau du Trou Malbrouk gefiddert, an nach vun enger hallwer Dose Baachen ouni Numm. Fir ze garantéieren datt ëmmer genuch Waasser zur Verfügung steet, kritt d'Baach Soor eng Parti vun hirem Waasser ofgeknäppt, an dat gëtt duerch en 2,5 km laangen Tunnel mat engem Duerchmiesser vun 2,30 m an de Séi geleet.
De Staudamm gouf tëscht 1867 an 1878 gebaut, an tëscht 1967 an 1971 ëm 16,24 Meter gehéicht.
Op der Kroun sëtzt e grousse stengene Léiw deen aus Lëtzebuerger Sandsteen aus dem Sauerdall sculptéiert ass. De Sculpteur war de Félix Bourré.
De Léiw weit 300 Tonnen, ass 13,5 Meter héich, an de Sockel huet eng Längt vu 16 Meter. E besteet aus 183 Bléck déi 1967 bei der Iwwerhéijung auserneegeholl goufen, an dunn erëm op der neier Kroun opgeriicht goufen.
D'Talspär an Zuelen
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
- Den Niveau um Fouss vun der Mauer ass op 244 Meter (ING Belsch), an d'Kroun op 305 Meter.
- D'Evakuatiounsleitungen hunn en Duerchmiesser vun 2.20 m mat engem Debit vun 89 m³/s
- D'Drockleitunge fir op d'Turbinnen hunn en Duerchmieeser vun 0,90 m
- En 9 km laangen Aqueduc (Héicht: 2,40 m, Breet: 2,25 m, Pente: 15 cm/km) liwwert d'Wasser fir d'Drénkwaasserstatioun vu Stembert wou all Dag 33.000 m³ Waasser gerengegt ginn. Dat iwwerschëssecht Wasser gëtt an d'Leitung gepompelt déi d'Wesertalspär mat de Lécker Waasserwierker verbënnt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]An der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet d'Expansioun vun der Textilindustrie zu Verviers an d'iwwerméissegt Ofholzen am Hertogenwald eng Verbesserung vum Regimm vun der Vesdre gefuerdert. Den 28. September 1857 krut de Lécker Ingenieur Eugène Bidaut d'Missioun fir Pläng opzestellen. D'Stad Eupen déi deemools preisesch war, wollt sech hirersäits un engem Projet bedeelegen, fir e Staudamm um ieweschte Laf vun der Vesdre opzeriichten. Wéinst den ze héije Käschten huet déi preisesch Regierung dee Projet awer net ugeholl. No en ettlechen Terrainsprospektioune gouf schlisslech den Dall vun der Gileppe zeréckbehalen.
Chronologie vum Bau
[änneren | Quelltext änneren]- Februar 1867: D'Waasserschächt an d'Galerië gi gebaut.
- 19. Abrëll 1869: Den éischten Deel vun den Aarbechte fir de Staudamm gëtt verginn.
- 1874: Déi éischt Aarbechte gi fäerdeg.
- 12. August 1874: De Rescht vun den Aarbechte gëtt verginn.
- 9. Mee 1875: Et gëtt ugefaangen de Séi volllafen ze loossen
- 1. November 1875: D'Aarbechte sinn ofgeschloss.
- 28. Juli 1878: De Staudamm gëtt vum Kinnek Léopold ageweit.
- 1967 - 1971: Den Damm gëtt gehéicht.
- 20. Oktober 1971: Déi nei Mauer gëtt vum Kinnek Baudouin ageweit.
Nieft dem Séi steet e 77,6 m héijen Tuerm, deem seng iewescht Säitewänn ganz aus Glas sinn, a vun deem aus een eng Panoramavue iwwer de Séi an den Hertogenwald huet. Op den Tuerm kënnt ee mat zwéi Liften deenen hir baussenzeg Wänn aus Glas sinn. Uewen am Tuerm gëtt et eng Cafeteria an eng Ausstellung iwwer de Staudamm an där e Follgendes fanne kann:
- Eng Serie vu Fotoen an Dokumenter iwwer den alen an den neie Staudamm
- Informatiounen iwwer d'Antenn vum Donnerwiederdetektiounssystem SAFIR déi op der Spëtz vum Tuerm steet a vum IRM verwalt gëtt.
- Eng Presentatioun vum Staudamm mat Computerënnerstëtzung.
- Eng Ausstellung mat Wierker vu regionale Kënschtler.
- Orientatiounstafelen.
Fir ze liesen
[änneren | Quelltext änneren]- Ministère Wallon de l'Équipement et des Transports Le Barrage de la Gileppe (prospectus), Belgique.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Vue op de Séi
-
Vue op d'Kroun vun der Mauer
-
Rietse Waasserschacht
-
Lénkse Waasserschacht
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gileppetalspär – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Gileppetalspär op Structurae
- (fr)(de)(en)(nl) Websäit iwwer de Séi